A senger Carte blanche freet sech de Jean HUSS a wéi eng Richtung den CSV-Zuch wëll rullen.

AUDIO: Carte Blanche vum Jean Huss

Léif Nolauschter an Nolauschterinnen,

Och hei zu Lëtzebuerg kënnt de Virwahlkampf fir d’Chamberwahle vum 14. Oktober lues awer sécher op Touren. Et geet an de kommende Joren ëm ganz wichteg politesch Weichestellungen an Erausfuerderungen: zum Beispill a Saache Klimaschutz, Ëmwelt- a Gesondheetsschutz, et geet em sënnvoll Alternativen a Wirtschafts-, Handels-, Steier- a Finanzpolitik, ëm Chancë mä och Risike vun der Digitaliséierung, ëm eise gesellschaftlechen Zesummenhalt an eng positiv Ofsécherung vun eise Soialsystemer, ëm Léisunge bei der Landesplanung a beim Verkéier, bei Logement, Schoul, Kultur a sou virun.

Vun all eise Parteie hunn d’Wielerinnen an d‘Wieler d’Recht, fréizäiteg gewuer ze ginn, wat si inhaltlech e bidden hunn. Feel op der Plaz, léif Nolauschterinnen, sinn do a mengen Ae bëlleg parteipolitesch Polemiken, perséinlech Attacken oder parteiintern Rangeleien ëm déi wichtegst Plazen op de jeeweilege Wahllëschten.

Léif Nolauschterer,

Op de rezente Bezierkskongresser vun der CSV war a Saachen inhaltlech Alternativen zur Regierungspolitik bis elo leider net vill ze héieren. Et gouf just op déi aktuell Regierungspolitik geklappt, verschiddener hu versicht, sech ongenéiert selwer an Zeen ze setzen, an dem CSV-Parteipresident seng penibel perséinlech Attacken zum Thema „rosa Polizeiuniformen“ an d’Geläschter vum CSV-Publikum doropshi war eigentlech total onwürdeg.

Léif Nolauschterinnen,

Well elo an dësen Deeg schon déi komplett CSV-Kandidatelëschte public ginn, e konkrete Wahlprogramm komescherweis awer eréischt no der Summervakanz soll nogereecht ginn, ass elo jiddefalls net kloer, woufir all di CSV-Kandidaten da solle Wahlkampf maachen. Well d’CSV-Politik vu virun 2013, mir erënneren eis un Austeritéit oder Geheimdéngschtaffairen, war vum Wieler deemools ofgestrooft ginn. An d’CSV-Oppositiounspolitik aus de vergaangene Joer war och net grad iwwerzeegend. Vun de Bezierkskongresser hätt een do eigentlech eng inhaltlech Neiorientéierung erwaart.

Mä déi inhaltlech Aussoe vum Spëtzekandidat Claude Wiseler an aner sougenannt Spëtzekandidaten hu leider och net grad fir méi inhaltlech Kloerheet a Saache positiv Alternative gesuergt. Et gouf geschwat, awer ganz vague, vu Verfassungsreform, vun institutionnellen an territoriale Reformen, an et goufen noutwendeg, déifgräifend strukturell Reformen, déi géife wéi doen, an Aussiicht gestallt. Mä konkret wollt den Här Wiseler awer net ginn. Et freet ee sech firwat, a virun allem och, wiem dann elo dës geplangte Reforme wäerte wéi doen?

Esou wéi vill Wielerinnen a Wieler, ob Salariéen, Mëttelständler oder Pensionéiert, sinn och ech der Meenung, datt d’CSV endlech soll hir Kaarten op den Dësch leeën fir datt mer zur Zäit, laang genuch virun de Wahlen, gewuer ginn, a wéi eng Richtung, konservativ, sozial oder éischter onsozial, den CSV-Zuch wëll rullen.

Et huet geschwat de Jean Huss

Ex-Deputéierten