D'Liicht um Enn vum Tunnel kann och en Zuch sinn

Aphorisme sinn eenzel Gedanken, Gedankespiller, pointéiert Zitater, mol méi laang, mol méi kuerz, am gelongenste mat engem Bezuch zur Aktualitéit. A senger Carte blanche vun haut probéiert de Paul Hammelmann sech doranner, well – wéi hie mengt – och Analphabete musse kënnen diktéieren. Hei seng Carte blanche mat der Iwwerschrëft: "D'Liicht um Enn vum Tunnel kann och en Zuch sinn."
Ech war wéini zu Paräis mam Big Boss vun enger Assurancëgesellschaft iessen. Ganz patriotesch, chauvinistesch.
Ech hat dat italienescht Spruddelwaasser bestallt; wou hien de roude Stär op der Fläsch gesinn huet, sot en: "Je ne bois pas de cette eau communiste!"
– "Ah oui, je comprends", sot ech, "vous préférez toujours l'eau de Vichy."
Ech hat nach ni esou wéineg z'iessen kritt!
***
Sou onsympathesch se och dohier kommen an eisem Kulturkrees, déi schwaarz gewéckelt Mumien, musse mir dowéinst e Gesetz iwwert e Burkaverbuet huelen?
De Nikab huet ëmmerhin 6000 Joer Kultur hannert sech ... d'Baseballkap mindestens 6 Méint Prisong!
***
Do huet also een, deen op enger amerikanescher "University" ageschriwwe war, wat – dat sief niewebäi bemierkt – tout juste enger Lëtzebuerger Mëttelschoul entsprécht, erausfonnt, datt een och kënnt, amplaz de Buedem ze botzen, e gielt Schëld opstelle mat der Inschrift "Caution wet floor", sou datt een elo net méi um naasse Buedem ausrutscht, mä iwwert elauter giel Schëlter trëllt.
***
Elo huet de respektabele Bréisseler Restaurant "Aux armes de Bruxelles" säi Sëtz op Rëmeleng verluet, sécher well do méi Touristen ënnerwee sinn, wéi op der Gran' Place.
Jo ech weess, dat stoung de leschte Freiden am Feierkrop; 't ass awer kee Plagiat mengersäits, well ech hat et selwer erageschéckt.
Wat net do stoung a wat awer eng grouss belsch Dageszeitung geschriwwen huet, ass, datt ewell d'Paie vun den Serveuren nach just ganz sporadesch bezuelt ginn an datt anscheinend och Schwaarzaarbecht praktizéiert gëtt.
***
Mir wollten déi lescht Woch um Findel eise Vol op Frankfurt ëmbuchen.
Eng ganz gentil Madamm huet do bei Lufthansa ugeruff. "They will change" – "si wëlle wiesselen"!
Ech hunn doropshin natierlech net gewiesselt, sinn dann herno op mäin 1. gebuchte Fluch opgeruff ginn: "Die Passagiere für Frankfurt" – "Les passagers pour Frankfürt".
Mer mussen eise Schüler also weider fläisseg iPads kafen, fir datt se besser Friemsprooche léieren!
***
Lo hunn jo wéini 2 Organisateure vu Concerten zu Lëtzebuerg, ee privaten an een an ëffentlecher Hand, sech coram publico an d'Hoer kritt.
Et ass ëm Programmatioun gaang; kee Wuert allerdéngs iwwert déi execrabel Akustik!
Zu Juan-les-Pins am Sand héiert een och emol Instrumenter eraus.
Mä loosse mer eis net op dës 2 Organisateure fokusséieren, well wat d'Akustik ubelaangt, ass den nationale Sport- a Kulturzentrum – contradictio in terminis – um Kierchbierg jo einsame Spitze.
***
An ganz zum Schluss fir déi Léit, déi elo kommentéieren, e klenge Sproch vum Henrik Ibsen:
"Das ist der Fluch der kleinen Verhältnisse, dass sie die Seele klein machen."