D'Gesetzer sinn do fir jiddereen!

D'ADR-Partei huet an der Flëschirgaass an der Stad Lëtzebuerg e Geschäftslokal gelount, wat se als Ulafstell fir politesch Zwecker gebraucht. Dëst stellt Froe vu politeschem Behuelen a Gefill fir d'Stad, fënnt de Ben Fayot.
D'ADR-Partei huet sech an engem Geschäftslokal an der Alstad etabléiert. Nom Bebauungsplang vun der Stad Lëtzebuerg däerf awer do, wou e Geschäft war, nëmmen e Geschäft dra bleiwen.
D'Stater Buergermeeschtesch, déi fir d'Anhale vum Bebauungsplang zoustänneg ass, wëllt elo mam Proprietär vum Lokal schwätzen.
Ee Member vun der ADR-Partei reegt sech doriwwer op, dass seng Fräiheet duerch dës Bestëmmung vum Bebauungsplang beschnidde géif.
Dat kënnt net vun iergendengem, mä vun engem Volleksvertrieder, dee Gemengerot an Deputéiert zugläich ass.
Deeselwechte Politiker huet dann nach dem staunende Vollek an de Medien erkläert, wéi een esou eng Dispositioun vum Bebauungsplang ganz liicht a labber ëmgoe kënnt.
Et kann een natierlech net erwaarden, dass e Conseiller vun der Haaptstad, allerdéngs eréischt 2017 frësch gewielt, d'Stad an hire Bebauungsplang an all hiren Detailer kennt.
Et kann een awer vun engem Volleksvertrieder erwaarden, dass en, wéi all normale Bierger vun der Stad, de Bebauungsplang respektéiert. Dee Plang huet Gesetzeskraaft.
An d'Gesetzer sinn nun eben do fir all Mënsch, a besonnesch fir Politiker, déi jo eng Virbild-Funktioun sollen hunn. An dësem präzise Fall ëmsou méi, wéi et sech ëm eng Partei handelt, déi ëmmer erëm mam Fanger an der Luucht Lektiounen erdeelt an neierdéngs dem ganze Land de Wee weise wëllt.
Déi zweet Fro an dëser Affär huet mat dem Gefill fir ons Stad ze dinn.
De Bebauungsplang ass en Instrument fir d'Gestaltung vun der Stad.
Wéi de Stater Gemengerot den neie Bebauungsplang 2017 ugeholl huet, war e sech bewosst, wat a ville mëttelgrousse Stied an Europa an och an der Stad Lëtzebuerg schif leeft: eidel Geschäftslokaler an eidel Wunnengen am Stadkär, ze mann Wunnengen zu abordabele Präisser, Präisdreiwerei, Zerstéierung vu Bausubstanz.
D'Stad probéiert, dogéint ze reagéieren. Eng Mesure ass, ze verhënneren, dass Geschäftslokaler besonnesch am Stadkär duerch Aktivitéiten ersat ginn, déi näischt mat Commerce ze dinn hunn. A Parteiaktivitéit ass wuel definitiv kee Geschäft!
Ech weess, dass de Bebauungsplang vun der Haaptstad nach laang net vu jiddwerengem respektéiert gëtt, meeschtens aus Ursaachen, déi haaptsächlech mat Geld ze dinn hunn.
Do wou Wunnenge solle sinn, sinn oft nëmme Büroen dran, wat bekanntlech géint d'Gesetz ass, dat seet, dass Immobilie fir dat benotzt musse ginn, fir wat se autoriséiert goufen. A wann e Wunnhaus net fir Wunne gebraucht gett, da muss d'Gemeng dofir eng Autorisatioun ginn. Si gëtt awer meeschtens net vrum Proprietär gefrot, also verschwannen andauernd Wunnengen an der Stad. Och dat ass géint de Bebauungsplang.
Wann also elo d'Gemeng dës Kéier reagéiert, kann een dat als Stater Awunner nëmme begréissen. Si misst vill méi oft reagéieren.
Am Interessi vun der Stad an hiren Awunner wär d'ADR-Partei gutt beroden, dat och ze ënnerstëtzen.
Soss weist se de Wee an eng Stad, wou jiddwereen domat maache kann, wéi et sengem Portmonni am beschte gefält!
An dat wär dann definitiv den Doud vun enger liewenswäerter an awunnergerechter Stad.