Haut schwätzt d'Magali Paulus eis, kuerz nom internationale Fraendag, iwwert 7 Generatiounen, Entkoloniséierung vun de Geeschter a Fraen. Si schafft fir Frères des Hommes an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

AUDIO: Carte Blanche vum Magali Paulus

Am September 2015 hunn d'Memberstaate vun der UN d'Agenda 2030 an déi 17 Objectifs de développement durable beschloss. Et ass déi 1. global indivisibel an transformativ Agenda fir nohalteg Entwécklung. Am Kader vun der Mise en oeuvre vun där Agenda haten e puer ONGen d'lescht Woch d'Marta Benavides agelueden. Si ass eng Friddens- a Mënscherechtsaktivistin aus dem El Salvador. Si huet d'Lëtzebuerger Politiker an zivil Gesellschaft drun erënnert, dass fir eng richteg nohalteg Entwécklung ee muss un déi 7. Generatioun denken. Net déi 2., net déi 3., mä déi 7.! Sou hunn et nämlech déi 1. Natiounen a Latäinamerika ëmmer gemaach fir eng nohalteg Welt ze erhalen. 7 Generatiounen, dat sinn d'Urenkele vun eisen Urenkelen, dat ass wierklech laangfristegt Denken. Wat musse mer maachen, fir dass d'Urenkele vun eisen Urenkelen nach propper Loft fir z'ootmen, Waasser fir ze drénken, gesond Iessen an eng gewësse Biodiversitéit hunn?

An der Diskussioun mat der Ministesch Dieschbourg sot d'Marta Benavides, dass mir Fraen ze vill fein a léif wieren, dass mer eis méi imposéiere missten, ëmmerhi maache mir iwwert d'Hallschent vun der Weltbevëlkerung aus. Mir denken ëmmer, dass d'Konditioun vun der Fra scho vill verbessert ass, zemools an eise Latitüden, mä den internationale Fraendag weist eis erëm op d'Ongerechtegkeet an d'Diskriminatiounen hin, mat deenen déi meescht Frae konfrontéiert sinn. Geet et duer, datt emol d'Joer ze maachen? Nee, och wann et ëmmer eng gutt Geleeënheet ass, op Mëssstänn hinzeweisen. A Spuenien sinn den 8. Mäerz Millioune Frae fir d'Huelga op d'Strooss gaangen.

Wéi kënne mer déi ëmmer steigend Ongerechtegkeete léisen? Fir dat ze maachen, musse mer alleguer, net nëmmen d'Fraen, eis Geeschter dekoloniséieren. Mir musse brieche mat de machisteschen, patriarchalen, eurozentreschen Denkweisen. Wa mer eng méi gerecht an nohalteg Welt wëllen opbauen, musse mer mat den ale Paradigmae briechen. Et geet ëm e radikaalt Ëmdenken, net hei kleng Saachen änneren an do e puer Klengegkeete verbesseren, mä e radikaalt Ännere vun eise Perspektiven, eise Verhalensmusteren ... an dat net an den nächste Joren, mä ELO!