500.000 Knöllercher

Dozou eng Carte Blanche vum Robert Goebbels, fréiere Wirtschaftsminister.
All Joer stierwen am Land ronn 4.000 Mënschen. D’Medie schéine sech nëmme fir eng Doudesursaach ze interesséieren: d’Accidenter op der Strooss.
Dobäi gëtt et méi ewéi duebel esou vill Accidenter doheem ewéi op der Strooss. Trape sinn doudgeféierlech. Dat schéngt d’Politik net ze interesséieren. Och iwwert Drogen-Doudeger oder iwwert Suicide gëtt kaum geschwat. Obwuel et dräi Mol méi Suicide ginn, ewéi Verkéiersaffer.
Et goufe vill Ustrengunge gemaach, fir d’Autosaccidenter ze verréngeren. 1970 gouf et 132 Doudeger bei engem Automobilpark vun 113.000 Vehikelen, géint 500.000 haut. Besser Autoen, besser Stroossen, méi Policepräsenz hu bewierkt, dass et 2016 32 Doudeger gouf, 2017 souguer nëmme 25.
De Minister Bausch huet sech felicitéiert fir dëse Réckgang, a féiert dat op d’Raderen zeréck, déi säit elo 2 Joer d’Vitesse iwwerwaachen.
Trotz de permanente Kontrolle sinn an den éischte 60 Deeg vum neie Joer schonn 13 Doudeger ze bekloen.
Dat ass net d'Schold vum Minister, mä d’Resultat vum Feelverhale vu Mënschen, déi hir Fäegkeeten iwwerschätzen.
Soulaang et Mënschen hannert dem Steier gëtt, wäert et ëmmer nees Accidenter ginn.
Sécher, d’Politik muss reagéieren. Mä muss wierklech ëmmer méi Repressioun ginn? Eng Repressioun déi wéineg bewierkt.
Iwwer eng hallef Millioun Automobiliste goufe scho geblëtzt. Et gëtt een de Verdacht net lass, dass d’Akasséieren den Haaptzweck ass.
Een Drëttel vun de "Knöllercher" huet d’Iwwerschreide vun der Vitesse ëm 4 oder 5 km/Stonn bestrooft. Weider 40% Automobiliste sinn ofkasséiert ginn, well se 6 bis 10 km/Stonn ze schnell waren. Des dräi Véierel si keng Raser. Zemools déi meeschte Radaren net op geféierleche Plaze stinn, mä manifestement dem Staat als Cash-Maschinne déngen.
De Stroferegester ass och net gerecht. Wien an enger Zone 70 mat iwwer 74 km erwëscht gëtt, muss 49 € Strof bezuelen. Déi selwecht Strof gëtt fälleg, wann een an enger 50 km-Zone bis zu 23 km ze schnell ass.
Hei muss déi nächst Regierung fir méi Logik suergen a virun allem d'Toleranzen eropsetzen. Wien am Frankräich bis zu 5 km iwwert der Limitt ass, gëtt net bestrooft. Zu Lëtzebuerg gëtt kasséiert, ouni dass d'Accidenter verschwannen.
Eng richteg Analys vun den Accidenter géif sécherlech erbréngen, dass mat Stroosse-baulechen Moossname vill Accidenter ze verhënnere wären. Amplaz ëmmer méi Repressioun, ass méi Preventioun néideg.