Datesécherheet

Wann et ëm de Schutz vu perséinlechen Daten geet, handele vill Leit ganz liichtfankeg. Parallel dozou ginn d’Reegelen an Europa ëmmer méi strikt. Eng Kontradiktioun u sech. Ee Paradox, seet de Kommunikatiounsberoder a laangjäregen Journalist Marc Glesener a senger „Carte blanche“.
Wann Daten, virun allem privat an net-ëffentlech Donnéeë geleakt ginn, suergt dat ëmmer erëm fir Opreegung a Schlagzeilen an de Medien. Rezent Beispill: D’Affär mat den Donnéeën aus der Chamber. An dësem präzise Fall stelle sech, wéi et ausgesäit, zwou Froen:
- Wéi ass et méiglech, datt d’Datendier bei enger esou enger wichteger ëffentlecher Institutioun esou breet op stoe konnt?
- Bei wiem läit d’Responsabilitéit fir dat, wat geschitt ass, a si jo oder nee juristesch Suitten an esou engem Fall méiglech an néideg?
Et besteet ewéi et esou schéin heescht Erklärungs- a Klärungsbedarf .
Zréck zu perséinlechen Donnéeën an dem Thema Datesécherheet am allgemengen.
De 25. Mee dëst Joer ass an dësem Kontext ee wichtegen Datum. Dann trëtt nämlech déi ominéis GDPR „General Data Protection Regulation“ an de Länner vun der Europäescher Unioun a Kraaft. Dës nei Regulatioun soll am Prinzip d’Rechter vun de Bierger stäerken.
Dëst ass vun der Ausriichtung hier eng gutt Saach. Natierlech awer läit den Däiwel ewéi ëmmer am Detail an d’Problemer, déi virun allem vill Entreprisen mat der Ëmsetzung hunn, ass enorm. Virun allem a Secteuren wou mat vill Donnéeë geschafft gëtt, ass den techneschen Opwand grouss. D’IT-Erausfuerderung ass enorm an et besteet de Risiko, datt déi eng oder aner Entreprise hei an Europa ee evidenten Konkurrenz-Defizit géintiwwer Firmen aus aneren Regiounen oder Länner kritt, déi beim Dateschutz manner hefteg Schutzbestëmmungen hunn.
Mat der neier Reglementatioun gi virun allem och d’Rechter vu Leit gestäerkt. D’Prozeduren, fir iwwerhaapt kënnen Daten ze sécheren, gi méi komplizéiert.
Gutt fir d’Leit, kéint een einfach esou pauschal soen. Nu stellt sech an dësem Kontext d’Fro, ob d’Leit sech bewosst sinn, wat si selwer mat perséinlechen Daten maachen a wat si vu sech selwer präisginn. Quasi dagdeeglech.
Ech denken hei un d’sozial Netzwierker, wou vill Leit en oppent Buch sinn. Hei sinn d’Leit selwer zoustänneg fir den Dateschutz. An et kann ee feststellen, dat hei net besonnesch vill geschützt gëtt.
Op der enger Säit also europäesch Reegelen, déi méi wäit ginn, wéi op anere Plazen an der Welt, op der anerer Säit vill Leit, déi sech souzesoen selwer ëffentlech maachen an déiwen Abléck an hiert Liewen an an hir Privatsphäre ginn. Ee Paradox. Eng Realitéit awer. Eng ganz gelungen...