Dat neit Sproochegesetz

Ginn elo endlech Neel mat Käpp an der Sproochepolitik gemaach? Dat freet haut de Fernand Fehlen, Soziolinguist a pensionéierten Dozent vun der Uni Lëtzebuerg.
Ugangs Januar huet d'Regierung e Gesetz zur Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch op den Instanzenwee bruecht an déi éischt Avise sinn och schonn ukomm an allgemeng positiv.
De Fortschrëtt, deen d'Lëtzebuerger Sprooch an deene leschte Jore gemaach huet, weist sech am beschten, wann een dat neit Gesetz mat dem Sproochegesetz vun 1984 vergläicht, dat sech jo dorops beschränkt huet, de Statut vun deenen dräi Sproochen ze definéieren.
Den Exposé des Motifs war deemools eng hallef Säit laang an niewent juristesche Formalia stoung praktesch näischt Inhaltleches dran. En huet als éischt betount, datt Gesetz gemaach géif, fir deenen anere Länner ze soen, datt d'Lëtzebuerger am Alldag Lëtzebuergesch ënnertenee schwätzen; huet iewel direkt ergänzt, datt méi wéi e Véierel vun der Populatioun Auslänner wären, déi et kaum géife gebrauchen.
Wann een den Avis vum Staatsrot vun deemools liest, gesäit een, datt seng Memberen der Meenung waren, datt Lëtzebuergesch keng richteg Sprooch wär. Si schwätzen z. B. vun engem "parler indigène" oder engem "parler autochtone". Si verstoppe sech ënnert anerem hannert folgendem Saz, aus dem grousse Lëtzebuerger Dictionnaire: "Unsere Art zu sprechen (langage) ist ja keine Hochsprache (langue) geworden, trotz der vielen Anstrengungen, die seit 1945 in diesem Sinne gemacht worden sind."
Den neien Exposé des Motifs liwwert eng ganz korrekt Duerstellung vum Entstoe vun onser jonker Sprooch a vun dem haitege Sproochgebrauch. En erënnert och dorun, datt Lëtzebuergesch nach ni déi eenzeg Sprooch am Land war an dat och net ka sinn. Wann ee sech déi 40 konkret Mesuren aus dem Strategiepabeier vum leschte Joer, déi nach eng Kéier als Deel vum Exposé des Motifs ofgedréckt ginn, ukuckt, muss ee feststellen, datt am Verglach mat hinnen, d'Gesetz e wéineg bescheiden an allgemeng ausfält. Mä am Ministère soe se sécher, datt et e Kadergesetz ass an déi geschafe Strukture wärend deenen nächsten 20 Joer dës Proposen an nach vill méi realiséiere wäerten.
Déi gréisst Avancée vum Gesetz ass, datt et fir d'éischt an der Lëtzebuerger Geschicht konkret sproochepolitesch Mesuren um Niveau vun der Status- a Korpusplanung an um Niveau vum Enseignement proposéiert.
Wien an Zukunft mat der Sprooch Parteipolitik maache wëllt, ass gefuerdert, sech mat dëse konkrete Moossnamen ausenanerzesetzen. Et ka keen dem Minister virwerfen, datt en net bereet ass, fir säi Gesetz anzestoen. Hie war op véier Biergerforen an allen Bezierker vum Land präsent an huet den Ureegungen a Kriticke gedëlleg nogelauschtert.