Kënnt lo alles beieneen? Zu eiser Sprooch, wuelverstan. – De Sproochmates feiert säi grousse Gebuertsdag: Den Alain Atten war jo dobäi, wéi eiser Här eis Sprooch gezammert huet – a mir Lëtzebuerger se lo a Stécker schloen.

D’Andrea Nahles kennt well jiddwereen, d’Annegret Kamp-Karrenbauer och, just dat den Numm eis schlecht iwwer d’Zong kënnt. Hir jeeweileg Sproochen oder Dialekter wuel: Eifeler héiert sech u wéi Éisleker nach vrum Krich, a Saarlännesch kéint ausgerutschtent Lëtzebuergesch sinn. – Firwat awer soe mir dann, mir hätten z.B. e Kontrakt “soussignéiert” aplaz “ënnerschriwwen”? Well et kee Vertrag fir eis Sprooch ass. Mir “parléieren” a plappere franséisch verfaasste Virlagen no.

Soll et dofir net klipp a kloer eis Devise ginn a bleiwen: wann et e lëtzebuergescht Wuert fir eng Saach gëtt, dann huel dat. An net en auslännescht, a wann “agelëtzebuergescht” soll ginn, dann éischter aus dem däitschen, wéi aus dem franséischen.

Eis sougenannte Villsproochegkeet ass souwisou eng fromm Ligen oder e Relikt.

E Wuert zur Schreifweis “Ortographie” oder “Ortografie”.
(Note vun der Redaktioun: "Orthografie" kritt en "H" hannert dem "T")

Mir hu wuel eng ëffentlech, komplizéiert an onlogesch Rechtschreiwung. – Et sief dann.

Sollte mer awer net parallel dozou dëse Wee goen: do wou mer ëmmer méi Lëtzebuergesch schreiwen – um Handy nämlech oder op ähnleche Geräter – solle mer net do déi gehéiert Sprooch mat Buschtawe festhalen – schéin, wéi de Mond ons gewuess ass, fräi nom Luther, quitte datt e mer eis a groussen Zich un déi däitsch Schreifweis halen? Haaptsaach: schwätzen, sou wéi eis Pappen a Grousspappen nach nom Krich geschwat hunn.

Allerdéngs verlaangen dës zwee Réit, datt e mer op eis eege Sprooch Uecht ginn a se hidden.

A Frankräich hu se dofir annerhallef Akademien an a Groussdäitschland den Duden – eng summa orthografica.

Mir sollten dat am Kapp hunn a behalen. Inch Allah, soen dann eis léif Matbierger.

AUDIO: Eng Carte Blanche vum Paul Kremer