Ouschteren ass, egal ob et reliéis gefeiert gëtt oder net, e frout Fest, e Fest vun der Freed. Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

AUDIO: Carte Blanche vum Georges Hellinghausen

Mënschlech Freed wëllt sech ausdrécken an dat geschitt virun allem, wann e Fest gefeiert gëtt. Esou an de Reliounen. Fir d’Judden am Alen Testament war d’Freed virun allem verbonne mat der Wallfahrt op Jerusalem an do mat inbrünsteg gefeierte Gottesdéngschter am Tempel. Bei de Griiche goung et ëm rauschend, extatesch Fester, besonnesch ëm de Gott Dionysos, mat Wäin, Poesie, Musek an Danz.

Déi fréi Chrëschten hunn d’Traditioun vun de Judden an de Griichen weidergefouert. De Gottesdéngscht war fir si déi Plaz, wou se zesumme Freed erlieft hunn. A scho ganz fréi hu se d’Ouschterfest gefeiert. Doran hu se d’Erweche vun der Natur an d’Erënnerung un den Exodus vum Vollek Israel aus Ägypten erfëllt gesinn, nämlech an der Operstehung vu Jesus Christus vun den Doudegen. Se hu gefeiert, dass d’Liewen am Kampf géint den Dout méi staark ass, dass d’Freed géint d’Leed wäert gewannen. Se drécken hir Ouschterfreed aus an Danz a Gesang. Am Mëttelalter huet de Paschtouer a senger Ouschterpriedegt d’Leit duerch Witzen un d’Laache bruet. D’Ouschterlaache sollt manifestéieren, dass d’Liewen iwwert all Ofstierwen a Keelt erhabe wier a sech géing duerchsetzen. Domat gouf d’Fest eng Zoustëmmung zur Welt an en Oppesinn fir Gott. A wann, laut Ernst Bloch, zum Fest ëmmer d’Heemecht gehéiert, dann deet sech um Ouschterfest eng Fënster op gewëssermoossen op eng éiweg Heemecht, iwwer den Dout eraus.

Mat der Ouschterfreed ass et bei den éischte Chrëschten ugaangen. Ëmmer méi huet sech am Laf vum Kierchejoer d'Bedierfnis gewisen, nei Fester ze feieren. Esou sinn, fir den zentrale Personnage Jesus Christus ze beliichten, Chrëschtdag, Christi Himmelfahrt a Päischten dobäikomm, schliisslech och nach aner Feieren.

Vill di sech haut schwéier mat chrëschtleche Fester. A vill kënne sech iwwer näischt méi freeën. Narzisstesch ëm sech a seng Problemer kreesen, d’Onloscht zelebréieren, ass haut keng Seelenheet. Den Anselm Grün recommandéiert, äis op d’Fest anzeloossen, och wann et äis net duerno ass. Da kommen ech a Beréierung mat der Freed, déi ëmmer scho latent a mir selwer ugeluecht ass an déi vläicht momentan nëmme verdeckt ass. „Wenn ich mich auf ein Fest einlasse, berührt mich die Freude, die in mir ist“, schreift de bekannte Benediktiner.

An deem Sënn: e frout Ouschterfest!

Georges Hellinghausen