D’Aussoe vun deene meeschte Parteie sinn de Moment nach zimlech uewerflächlech. All operéieren se mat deene selwechte Schlagwierder wéi Nohaltegkeet a qualitative Wuesstem. Méi wat versti si dorënner a gëtt et eng Méiglechkeet vir méi genau d’Zukunft vu Lëtzebuerg ze plangen?

AUDIO: Carte Blanche vum Francis Schartz

Déi meescht vun eise politesche Parteie ginn hir Wieler an d'politesch Mëtt, respektiv an d'gesellschaftlech Mëttelschicht fëschen. Verständlech, well do si jo di meescht. Dat bréngt awer mat sech, datt hir Aussoen dacks zimlech allgemeng an uewerflächlech bleiwen. Heiansdo kann ee sech d’Fro stellen, ob mir iwwerhaapt nach Parteie brauchen, wa si all mat deene selwechte Schlagwierder operéieren.

Eent dovun, wat mir schonn zum Hals eraus hänkt, ass Nohaltegkeet, obwuel ech selwer President vum Nohaltegkeetsrot sinn. Alles soll nohalteg sinn, obwuel kee sou richteg weess wat dorënner ze verstoen ass, an de Begrëff „Nohaltegkeet“ zu enger eideler Wuerthüls verkomm ass.

Wat ass awer ënnert enger Nohalteger Entwécklung ze verstoen?

Eng nohalteg Entwécklung, ass no der Definitioun vun der UNO eng weltwäit Entwécklung déi et erlaabt, d‘Besoine vun haut ze erfëllen ouni awer domat ze verhënneren, datt déi kommend Generatioune genau sou gutt kënne liewen wéi mir. - D'Agenda 2030 mat senge 17 Objektiver an 167 Ënnerziler, déi och Lëtzebuerg ënnerschriwwen huet, gëtt eng zimlech genau Uleedung dozou a misst och fir d’Lëtzebuerger Politik als Iwwerbau gëllen. Mol gespaant, ob dovun iergendeppes an iergendengem Wahlprogramm erëmzefannen ass.

- Eng aner Floskel, déi ech net méi kann héieren, ass de Begrëff « qualitative Wuesstem ».

Wat een dorënner versteet, ass och alles anescht wéi kloer. Fir déi eng bedeit dat « Rifkin-konform » fir déi aner ee Wuesstem ouni Ëmweltbelaaschtung, fir erëm anerer ass et ee Wuesstem, deen de Pensiounssystem séchert, a sou weider.

- Souguer, wann ee sech iwwert d’Definitioun vum qualitative Wuesstem kënnt eens ginn, da wier et nach laang net kloer, wéi dat soll funktionéieren, a wéi eng Konsequenzen d'Wirtschaft an deen eenzele Bierger bereet wieren ze akzeptéiere. Wat fir ee Lëtzebuerg mir eigentlech wëllen, misst parteiintern thematiséiert, mä virun allem an der breeder Ëffentlechkeet diskutéiert ginn. Awer an d’Blannt eran diskutéiere bréngt och net vill.

Eng bewäerte Methode fir méi Sécherheet am Plange vun der Zukunft ze kréien, ass d’Entwéckele vun Zeenarien.
Mat Hëllef vu Spezialisten a mat Abannen vun der Zivilbevëlkerung kéinte Zeenarien entwéckelt ginn, déi di verschidde Méiglechkeete vu Wuesstem, oder vun engem Nullwuesstem géinge beschreiwen an d’Konsequenzen dovu fir eis Gesellschaft a fir jidder Eenzele géingen opweisen. Domat hätt d’Politik een Instrument an der Hand, fir zukunftsgestaltend Entscheedungen ze treffen.

Mä d’Gestaltung vun der Zukunft läit net nëmmen an der Hand vun de Politiker: Jidderee vun eis muss säi Verhalen iwwerdenken. Mir mussen eis froen, ob mir ëmmer méi brauchen, ëmmer eppes Neies mussen hunn an ouni Iwwerleeës ëmmer méi konsuméieren an ëmmer méi d’Ëmwelt belaaschten.

Suffizienz ass déi Haltung, déi eng Nohalteg Entwécklung erméiglecht an de Wuesstem an déi richteg Richtung leet.

*Pensionéierte Lycéesdirekter an Dokter an den Ëmweltwëssenschaften.