Wuesstem fréier a muer

Den Debat iwwer de Wuesstem schéngt eng grouss Wichtegkeet an den nächste Méint an eisem Land ze kréien. De Benoît Reiter, Jurist an enger nationaler Institutioun, wollt dofir e puer perséinlech Iwwerleeungen mat eis deelen.
Wuesstem ass jo näischt soss wéi d’Schafe vu méi materiellem Wuelstand. Et schéngt also iwwert dës Fro vum materielle Wuelstand ze sinn, iwwer déi diskutéiert gëtt.
Ech hu fir d’éischt emol an de Réckspigel gekuckt a mech gefrot, ob et de Leit, déi fréier zu Lëtzebuerg gelieft hunn, da schonn ëmmer materiell gutt gaangen ass? Wéi war et fréier mat Wuesstem a Wuelstand? Lëtzebuerg war ëmmer e batteraarmt Land. Et goufe keng Buedemschätz, ausser Eisenäerz vu relativ schlechter Qualitéit, de Buedem selwer war net besonnesch gutt fir d’Landwirtschaft a Lëtzebuerg war och keng Handelsplaz. Ech hunn un eng Rei vu menge Virfahre geduecht, déi fréier an der selwechter Gemeng gewunnt hunn, wéi ech haut. Elo liewen do e puer dausend Leit an den Awunner geet et gutt. Wëllt ech mat menge Virfaren tauschen? Meng éischt mir bekannten Urur … groussmamm huet um Enn vum 17. Joerhonnert an engem Duerf gewunnt, dat an dëser Zäit nom Enn vum 30järege Krich total verwüst a verlooss war. D’Awunner waren esou aarm, dass se hir Steiere mol net konnte bezuelen. Am 19. Joerhonnert si meng Virfaren aus deem Duerf iwwer Generatiounen a Frankräich ausgewandert, fir do als Aarbechter Suen ze verdéngen a sech heiheem eng eege bescheiden Existenz opzebauen. Hu mer haut mat eisem Wuelstand net eng eemoleg Chance, déi dës Leit fréier net haten? Ech ka mer dofir bal net virstellen, dass et zu Lëtzebuerg Leit géife ginn, déi sech d’Zoustänn vun de fréiere Joerhonnerten zréck géife wënschen.
Oft gëtt da gemengt, et kéint een decidéieren, dass mer op dem haitegen Niveau vu Wuelstand sollte stoe bleiwen. Just, wéi soll dat konkret goen? Menge mer wierklech, dass sech sou eng Iddi an d’Realitéit ëmsetze léisst? Gi mer dann dovun aus, dass déi Betriber, déi de Räichtum vun haut produzéieren, fir all Éiwegkeet no deem selwechte Schema weidermaachen an dass mer dofir keng nei Aktivitéite brauchen? Dat kléngt dach fir mech zimlech naiv. Wee kann haut virausgesinn, wéi et mat der Finanzplaz an e puer Joerzéngte steet? Wee weess haut, wéi eng Entreprisen, déi zu Lëtzebuerg wëllen aktiv ginn, an Zukunft fir Wuelstand suergen oder net? Wéi e Projet wäert Succès hunn a wéi een net? Sinn et d’Jughurtsfabréck oder google, vläicht Entreprisen, déi am space mining schaffen, oder läit eis Zukunft an enger anerer Branche, vun där haut kee schwätzt? Ech kenne keen, deen eng Kristallkugel huet, fir d‘Zukunft virauszegesinn. Et sollt een also vu Steierungsexperimenter léiwer seng Fanger ewech loossen.
Et gëtt a mengen Ae keng realistesch a keng wënschenswäert Alternativ zum Wuesstem. Mä ass et iwwerhaapt de Wuelstand, mat deem mer prinzipiell e Problem hunn? Oder sinn et verschidde Konsequenzen dovun, mat deene mer net eens ginn? Wéi ass et da mam dagdeegleche Stau, mat den héijen Immobiliëpräisser etc.? Jo, dës Problemer ginn et, mee et ginn och Usätz se ze léisen. Doru muss jiddwer eenzele matschaffen. Just eppes schéngt mer total onméiglech ze sinn. Et kann ee sech net en Idealzoustand schafen, deen da wier e gewëssene materielle Wuelstand, verbonne mat der Gemittlechkeet vu fréier. Mir sollten ophalen vun enger idealiséierter Vergaangenheet ze dreemen, mee dofir eis Zukunft gestalten.