D'Kultur, onendlech Dimensiounen!

A senger Carte Blanche versicht den Tom Bellion sech an d'Joer 2032 ze projezéieren a vun do ee Réckbléck op d'Entwécklung vun der Kultur an der Kreativwirtschaft ze woen.
Mir schreiwen d'Joer 2032. Dëst ass d'Logbuch vum Dramschëff Lëtzebuerg, dat :
- 1995, 2007 an 2022 europäesch Kulturhaaptstad war,
- sech am Joer 2018 een éischten nationale Kulturentwécklungsplang ginn huet
- an ënnerwee ass, fir nei a friem Kulturgalaxien ze entdecken an ze erfuerschen.
Wa een aus dem Joer 2032 zréck kuckt, da goufe mam Geescht vun 1995 eng Rei Institutioune geschaaft, wéi z.B. de MUDAM, d'Rockhal, d'Philharmonie, Neimënster an eng Abberzuel vu regionale Kulturzenteren. Déi hunn sech an de leschte 25 Joer mat enger konsequenter Programmatioun entwéckelt an sech um internationale Konscht- a Kulturmaart etabléiert.
Vill Kënschtler déi zu Lëtzebuerg wierken hunn et entretemps fäerdeg bruecht, fir sech international ze positionéieren an ee Numm ze maachen.
Ënnert der duebeler Dynamik vum 1. nationale Kulturentwécklungsplang vun 2018 a vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch 2022 si ganz vill nei Iddien a Projet'en entstanen.
D'Uni.lu huet sech Ressource gi fir ee permanente wëssenschaftleche Monitoring vun de kreativen a kulturellen Aktivitéiten ze maachen.
Vrun 2 Joer, also am Joer 2030, huet de Wirtschaftsministère, zesumme mam Kulturministère, den drëtte nationale 5-Jores-Plang fir Kultur- a Kreativwirtschaft presentéiert, dee mat 250 Milliounen Euro dotéiert gouf. Du jamais vu!
De Creative Industries Cluster, den den 31. Januar 2017 lancéiert gouf, huet kierzlech säi 15. Gebuertsdag gefeiert. Et ass eng richteg Success Story ginn. D'Konscht an d'Kultur droe mëttlerweil maassgeeblech zum Nation Branding, mee och zum Bruttoinlandprodukt bäi.
De Véier-Länner-Kulturlycée huet seng Dieren am Joer 2025 opgemaach fir jonken Talenter aus der Groussregioun d'Méiglechkeet ze ginn, fir hir Passioun, gekoppelt mat enger zolitter schoulescher Ausbildung, ze liewen an aus hirer Beruffung ee Beruff ze maachen.
Ah jo, kierzlech huet de Conseil National pour le Développement Culturel et Artistique säin 10. Gebuertsdag gefeiert, dëst an der Maison des Industries Créatives, déi am Joer 2022 ageweit gouf.
Nëmme gutt, dass mir um Ufank vun dësem Joerhonnert de Courage haten, fir konsequent an d'Kultur ze investéieren!
Et huet sech definitiv fir d'Land, säin Image, seng 700.000 Awunner, hiert d'Zesummeliewen an hir Liewensqualitéit gelount!