An dëser Carte blanche geet et ëm d’Thema "Symboler am ëffentleche Raum". De Roland Pinnel, Éirendirekter vum Luxembourg City Tourist Office, plädéiert fir e bessert Erhale vun esou Symboler.

AUDIO: Carte Blanche vum Roland Pinnel

Wat huet et am Mount Februar en hype ginn, wéi et geheescht huet, an der Neier Avenue géifen d’Platanen an déi japanesch Kiischtebeem verschwannen! D'Oprouer huet net nëmmen e Shitstorm an de Social media provozéiert, mä si huet esouguer bis zum Appell fir d’Redigéiere vun enger Petitioun un d’Adress vun der Chamber gefouert.

Bei där Geleeënheet huet ee gesinn, dass de Leit net nëmmen den architektonesche Patrimoine vun der Stad Lëtzebuerg um Häerz läit. Et huet ee feststelle kënnen, dass si doriwwer eraus och eng grouss Sensibilitéit fir den naturverbonnene Patrimoine hunn. Déi herrlech Bamallée ass nämlech fest am Stater Bild an och an de Käpp vun de Leit verankert. Si ass e staarkt Symbol a stellt am Fong – wéi een hautdesdaags esou schéi seet – e markanten an eenzegaartege Lieu de mémoire am ëffentleche Raum duer. Eppes, wat sech déif an d’kollektiivt Gediechtnes vun de Leit agegruewen huet.

Hei an elo ass awer weder d'Plaz nach de Moment, fir ze analyséieren, ob et da wierklech noutwendeg war, dës Beem erauszerappen, fir se, wéi ugekënnegt, duerch neier ze ersetzen.

À propos Erausrappen, Ewechrappen an Ofrappen: an deem Kontext geet mer eng ähnlech Saach duerch de Kapp.

Ech géif nämlech nawell gär, stellvertriedend fir munch aneres, un eppes erënneren, wat och e staarkt Symbol duergestallt huet. Eppes, wat och eemol e Lieu de mémoire war an haut och nach ëmmer kéint sinn.

Et geet mer ëm d’Octroishaischen, dat an der Stad um Rond-point Schuman gestanen huet. Am Joer 1986 ass et - wéi et deemools geheescht huet - aus verkéierstechnesche Grënn ofgerappt ginn. D’Steng si schéin nummeréiert ginn an anzwousch gelagert ginn, fir d’Haische spéider, nom Aménagement vum Rond-point, do oder an der direkter Peripherie nees opzestellen. A wat ass domat geschitt? Näischt! Guer näischt! Haut kréint keen Hunn méi duerno.

Dobäi war dat Octroishaischen dee leschten Zeie vu senger Zort aus der Festungszäit. Eben e Symbol aus an och vun enger Zäit, wou nach Zoll, also octroi, an den Entréeë vun der Festungsstad opgehuewe ginn ass.

Wéi wär et da, wa mer aus Respekt virun eiser Vergaangenheet dat, wat deemools an Aussiicht gestallt ginn ass, nämlech d’Octroishaischen nees opzeriichten, och géifen aléisen? Wär dat net och e staarkt Zeechen, fir genee op dëser Plaz d’Erënnerung un dëst geschichtsträchtegt Symbol nees nohalteg opliewen ze loossen? Grad esou, wéi dat jo och elo bei de Beem an der Neier Avenue versprach ginn ass.

Fir dass och dëse Lieu de mémoire seng Mémoire du lieu net definitiv, dat heescht fir ëmmer, verléiert!

Dat war eng Carte blanche vum Roland Pinnel mat engem Plädoyer fir e bessert Erhale vu Symboler am ëffentleche Raum.

[commenst]