Rüstungsspiral = Angschtspiral

D’Eskalatioun vun der Lag a Syrien ass déi definitiv Bestätegung, datt Ost a West erëm an d’Zäite vum Kale Krich zeréckgefall sinn. Statt engem konstruktiven Dialog, dominéiere rhetoresch a militäresch Muskelspiller. Bleift ze hoffen, datt dës Spiral vun Angscht a Mësstrauen iergendwann erëm kann duerchbrach ginn. Dozou eng Carte blanche vum Alain Wagner, Franséischproff am Stater Kolléisch.
Et ass eng frappant Feststellung, datt verschidde psychologesch Mechanismen, déi d’Verhale vun Eenzelpersounen erklären, och op engem kollektiven Niveau zum Droe kommen. Ee vun dëse Mechanismen ass dat sougenannt asymmetrescht Angschtempfannen. Domat gemengt ass d’Tatsaach, datt de Mënsch seng eegen Angscht als méi reell erlieft, wéi déi Angscht, déi hie selwer bei aneren ausléist. Mir si vun der Evolutioun esou programméiert, datt mir séier an hefteg op Gefore vu bausse reagéieren, ëmgedréint awer nëmme schwéier kënnen novollzéien, datt anerer eist Verhalen als Bedrohung ugesinn.
Dës emotional Verzerrung vun der Realitéit erkläert esou munche Phänomen an den internationale Relatiounen. Sou haten am Kale Krich béid Säite reegelméisseg d’Gefill, militäresch ënnerleeën ze sinn. Ee konkret Beispill ass déi amerikanesch Obsessioun vum « missile gap » um Enn vun de fofzeger Joren. Duerch esou en asymmetrescht Angschtempfanne kann ni e richtegt Gläichgewiicht vun der Ofschreckung erreecht ginn. Egal wéi d’Situatioun sech presentéiert, et huet ëmmer eng Säit den Androck, missen nozeleeën.
Datt sou eng Spiral awer och kann duerchbrach ginn, dat hunn d’Enn vum Kale Krich an déi domat verbonnen Ofrüstung gewisen. Deemools hat een den Androck, d’Mënschheet hätt e grousse Sprong no vir gemaach. Et war eng Zäit vun Euphorie, eng Zäit, wou déi fréier Sowjetunioun net méi als Bedrohung ugesi gouf, mee als zukünftege Partner an engem Kader, deen de Michail Gorbatschow « dat gemeinsamt Haus Europa » genannt huet.
Knapp drësseg Joer duerno ass vun dëser Opbrochstëmmung net méi vill iwwreg. Op béide Säite gëtt erëm fläisseg un der Rüstungsschrauf gedréint. Engersäits hu mer eng no Osten erweidert NATO, déi mengt, erëm méi Stäerkt weisen ze mussen ; anerersäits wiisst a Russland d’Gefill, am Zaangegrëff vu feindlech gesënnte Staaten ze sinn, wat sech an enger muscléierter Aussepolitik nidderschléit. En Däiwelskrees, deen engem e Gefill vun « déjà vu » gëtt.
An dësem net ongeféierleche Kontext ass et un Europa, eng mässegend Roll ze spillen a ganz kloer neen zu engem neie Wettrüsten ze soen. Mir brauche keng Twitterrhetorik a keng Opdeelung vun der Welt a Gutt a Béis, mee eng pragmatesch Politik, déi och d’Argumenter an d’Sensibilitéit vun der Géigesäit mat abezitt. A grad mir westlech Länner wiere gutt beroden, och emol virun der eegener Dier ze kieren : déi verfuere Situatioun am Irak, a Libyen an a Syrien geet zum Deel op eis Kap an ass d’Resultat vun engem kuerzsiichtege militäreschen Denken an engem naive Glawen un eng séier Verpflanzung vu westleche Strukturen.
De Bléck an d’Vergaangenheet mahnt eis also zur Bescheidenheet a weist, datt villes méi relativ a komplex ass, wéi et op den éischte Bléck erschéngt. Esou eng Erkenntnis ass keen Zeeche vu Schwächt, mee e wichtege Schrëtt eraus aus gläich zwou Spiralen : déi vun der Angscht – an déi vun der Iwwerhieflechkeet.