Déi zwee Gesiichter vu Russland

© Christof Weber
Russland huet hautesdaags eng ganz schlecht Reputatioun am Westen. Et fänkt u mam Vladimir Putin sengem no baussen demokratesch, no bannen awer autokratesche Regime.
Da kënnt eng laang Rei vu negative Schlagzeile vun der russescher Haltung a ganz ënnerschiddlechen Domainen: Gëftgas-Attack géint e russeschen Duebelagent zu Salisbury, Annexioun vun der Krim géint all internationaalt Recht, déi russesch Militärinterventioun an der Ost-Ukraine, déi massiv russesch Militärhëllef am syresche Biergerkrich fir de Baschar al-Assad, déi vill russesch Doppingaffären am Sport, déi russesch Cyberattacken an Amerika, Däitschland, England a Frankräich … jee, eng "unending story" vun illegalen Agrëffer weltwäit. Kee Wonner, datt den Image vum haitege Russland, besonnesch am Westen, net grad dee Beschten ass.
Dobäi huet Russland awer och e ganzt anert Gesiicht. Zanter dem Péiter dem Groussen huet Russland sech kloer no Europa orientéiert. Contrairement zur offizieller Behaaptung, Russland hätt eng eurasesch Kultur, besteet keen Zweiwel, datt Russland op eng europäesch Vergaangenheet zréck kuckt a kulturell vun Europa markéiert gouf.
Besonnesch zanter der zweeter Hallschent vum 19. Jorhonnert huet et ganz grouss Contributiounen zur europäescher Kultur gemaach. Puschkin, Dostojewski an Tolstoi si grouss Nimm, net nëmmen an der russescher, mä och an der europäescher Literatur, komparabel mat Dante, Cervantes, Shakespeare, Molière a Goethe. An der Musek: Tschaikowski, Strawinsky, a Prokofjew. An der Molerei: déi russesch Avantgarde, Kandinsky a Chagall. An de Sciencen: Lomonossow a Pawlow. Den Ermitage zu Sankt Peterbuerg an d'Tretjakow-Galerie zu Moskau gehéieren zu de weltwäit gréissere Muséeën mat net nëmme russesche, mä och europäesche grousse Moler. Dëst kulturell brillant Gesiicht vu Russland an der europäescher Kultur, wou et e feste Bestanddeel ass, ouni seng Eegestännegkeet ze verléieren, solle mer op kee Fall vergiessen ze schätzen.
Wann elo, déi méi machiavellistesch Face vum Putin sengem Regime zum Virschäi kënnt, solle mer verstoen, datt nom Ausenanerbriechen vun der Sowjetunioun 1991, de Westen, a besonnesch d'Amerikaner, Russland als Nofolgerland op den Niveau vun enger Regionalmuecht erofstufe wollten an elo de Putin versicht, mat alle Mëttel, Russland erëm d'Unerkennung an de Status vun enger Groussmuecht ze ginn. Dat kënnt bei der russescher Bevëlkerung gutt un, och wann d'Mëttel heizou fir de fräiheetleche Westen absolut inakzeptabel a condamnabel sinn.
En attendant, datt dat haitegt Russland, politesch gesinn, de Wee erëmfënnt an eng echt Demokratie no bannen, an eng international korrekt Haltung no baussen, solle mer eis erënneren, datt dat anert Russland kulturell op europäeschem Plang Grousses geleescht huet.