Während mir eis heiheem selwer op d'Schëller klappen an eis virmaachen, wéi gutt et eis geet, ass d'Welt dobaussen an engem ganz aneren Zoustand - dozou eng Carte blanche vum Jean-Luc Thill.

AUDIO: Carte Blanche vum Jean-Luc Thill

Wourecht - dat Thema war nach ni populär. Politiker reagéieren nervös, Bezéiunge ginn drunn zu Gronn. Si ass de Journalisten hir Botterschmier, mat oder ouni Fake News. D'Kierch behaapt, si hätt se! D'Philosophen hunn dofir eng Disziplin mat schwéierem Numm, d'Epistemologie, a kucke scho laang de Wessenschaftler no, wéi déi se fannen.

Gëscht wär d'Wourecht erëm on Tour – heiheem um Kautmaart. Do gëtt festgestallt, datt et dem Land sou gutt geet wéi nach ni. D'Politik hält eng Laudatio op sech selwer, fir dem Bierger virun de Wale kloer ze maachen, datt nëmme si, also déi aktuell politesch Decideuren, dat konnten hiewelen. Et ka souguer nach besser ginn, evidemment, awer nëmme mat eben deene selwechte Leit. Dat sinn nun emol d'Wourechten an engem Waljoer.

Dobaussen ass d'Wourecht och on Tour – permanent –, awer déi wëll kee sou richteg héieren. Et gouf eng Zäit, do waren Naturkatastrophen eng Strof vun de Gëtter, fir mënschlecht Feelverhalen ze erklären, virun allem um moralesche Plang. Dës infantil Opfaassung vun der Welt krut 1755 en abrupt Enn mam Äerdbiewe vu Lissabon. Souzesoe mat symbolescher Kraaft gouf déi portugisesch Haaptstad den 1. November wärend der Allerhellege-Mass an den Koup gerëselt. Kee konnt sech e mënschlecht Versoe virstellen, wat eng Strof an deem Ausmooss géif verdéngen.

Schnell gouf kloer, datt d'Natur fir de Mënsch eng Gefor duerstellt, och ouni reliéisen an iwwermënschlechen Hannergedanken. Fir deem entgéintzewierken, huet de Mënsch sech op de d'Sich no deem engen oder aneren Naturgesetz gemaach, fir an Zukunft besser op sou Katastrophe virbereet ze sinn – vu Kropemännercher a Keelepartien am Himmel war kee méi ze iwwerzeegen.

Gutt 260 Joer duerno – also haut – stelle mer fest: D'Naturkatastrophen hu mer zwar nach ëmmer net am Grëff, dofir kann de Mënsch där Katastrophe mëttlerweil awer selwer ausléisen. Gouf et beim Klimawandel nach e laangen an ausféierlechen Debat, ob wouer oder erfonnt, sou hält d'Ausstierwe vu Fauna a Flora kee méi wierklech fir Fake News.

Et sinn och net nëmmen Insekten a Villercher, déi verschwannen – Schätzunge ginn dovun aus, datt 20.000 bis 25.000 Aarten all Joer vum Äerdbuedem verschwannen – 2016 si sou zwee Drëttel vu der Koralllen am australesche Great Barrier Reef gestuerwen. Léisunge ginn et weder vun der Wëssenschaft nach vun der Politik. Strategien, fir keng Froen ze stellen, fir net mussen drop ze äntweren, ass ee Spill op Zäit, wou et eis herno sou geet wéi den Dinosaurier, an dat ganz ouni Meteorit!

Fir den Neil Postman war schonns an den 80er Jore kloer, mir géifen eis zu dout amuséieren, andeems mer virun Televisioune vun Dommheet géifen zu Gronn goen. Datt d'Spaassgesellschaft, déi iwwregens um Krautmaart schonns emol politesch hiert Enn erkläert krut, déi eege Biosphäre géif kaschten, dat ass och fir Kulturpessimisten nei. D'Welt geet net ënner, awer fir de Mënsch ass geschwë keng Plaz méi do – d'Responsabilitéit läit bei eis all, oder wéi géif den Orwell soen: bei jiddwerengem d'selwecht a bei Verschiddene méi.