1. Mee

Gëschter war den Dag vun der Aarbecht. Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Centre Jean 23.
Den éischt Mee ass den Dag vun der Aarbecht, oder méi präzis den internationale Erënnerungsdag vun den Aarbechter. Et soll d’Solidaritéit tëschent den Aarbechter gefeiert ginn, also ons drun erënneren, dass vill vun onsen sozialen Errongenschaften d’Resultater si vun laangen Kämpf. Sou munchen Aarbechter huet souguer mat sengem Liewen bezuelt , fir géint de Misär an d’Exploitatioun an der Aarbechtswelt ze rebelléieren. Den éischten Mee geet zeréck op d’Revendicatioun vun den amerikaneschen Aarbechter aus dem 19 Joerhonnert fir d’8- Stonnewoch anzeféieren. Et sinn d’Gewerkschaften, déi dësen Dag quasi als Streikdag, deen all Joer stattfënnt, duerchgesat hunn.
Dëst féiert mech dann zu en puer Gedanken iwwert d’Gewerkschaften. Déi mëschte Leit gesinn an de Gewerkschaften haut éischter en Service, fir hier individuell Problemer op der Aarbecht ze léisen. Sou wichteg dat och ass fir d’Aarbechter bei eenzelen Konflikter ze verdeedegen, sou ass dat awer sécher net den eenzege Grond, firwat ee Gewerkschafte brauch. Et geet ëm Solidaritéit, an ëm eng gemeinsam Interessevertriedung vis-à-vis vum Patronat. An engem Sozialstaat, dee gutt funktionéiert, brauch e Sozialpartner, déi am Dialog, an och mol am Sträit, Zukunft gestalten. Dofir ass et och sou wichteg, dass d’Gewerkschafte staark sinn, dat heescht e groussen Deel vun den schaffende Leit hannert sech hunn, wann et drëms geet, fir eng human Aarbechtswelt ze kämpfen.
De groussen Problem ass natierlech, dass sech duerch d’Globaliséierung. D’Kräfteverhältnisser fir déi national organiséiert Gewerkschafte verschlechtert hunn. En Deel vun den Patronen an Aktionäre sinn net méi vun hei, an et ass schwiereg do um internationalen Niveau den Dialog ze féieren. Dat heescht och, dass mer musse bereet sinn, ons Solidaritéit auszewäiten a verstäerkt international ze kämpfen, spréch net nëmmen un onse Wuelstand ze denken.
Fir dëse Sozialdialog kënnen ze féieren, mussen d’Gewerkschaften natierlech kucken, och sou wäit wei méiglech an allen Secteuren a Beruffskategorien Memberen ze hunn. Och dat ass natierlech haut méi schwiereg. Ëmmer méi Persounen hunn zäitlech begrenzten Kontrakter, schaffen als pseudo-Fräiberuffler, oder hier Situatioun ass esou individuell, dass et schwiereg ass, nach Solidaritéit opzebauen, och mat sengem nächsten Aarbechtskolleg.
Sech an enger Gewerkschaft engagéieren kascht natierlech eppes, éischtens mol Zäit, mee dann och e finanziellen Beitrag vir dass Gewerkschaften onofhängeg kënnen funktionéieren. Fir vill Läit ass sou en Beitrag absolut ze verquëssen. Mee, fir déi Léit, déi just e Minimum verdéngen, an wou all Cent zielt , ass dat natierlech eng richteg Depense. An da schwätzen mer nach net vun deenen, déi eréischt um Wee sinn, fir op den Aarbechtsmaart , Leit mat RMG, Leit am Chômage, Studenten oder Flüchtlingen. Oft sinn et genau déi Persounen, déi och herno an deenen Secteuren ufänken, wou d’Aarbechtskonditioune schwiereg sinn an hir perséinlech Situatioun absolut prekär ass. Wa mer déi Leit och wëllen an den Sozialdialoge abannen, an hinnen eng Chance wëllen ginn, sech an der Aarbechtswelt ze behaapten, musse mer mol doriwwer nodenken, ob mer net als Allgemengheet bereet wären hier Gewerkschaftsbeiträg ze subventionéieren. Well wa wéineg Leit Membere sinn, kënnen d’Gewerkschaften net vill maachen. An der Zukunft brauche mir Gewerkschaften, déi sech verstäerkt asetzen, fir Leit, déi keng Aarbecht hunn oder ënnert ontypesche Kontrakter schaffen.
Mäin Opruff un ons all, um Dag no dem éischte Mee: net nëmmen feieren, mä engagéieren. Ufanks d’nächst Joer si Sozialwahlen, Zäit fir ons Solidaritéit ze beweisen, an deene Merci ze soen, déi dofir gekämpft hunn, dass mir haut korrekt Aarbechtsbedingungen hunn.