Politik gëtt net nëmme bei de Wale vun de Bierger bestëmmt. Duerch hiert Verhalen droe vill Leit dozou bäi, dat gutt gemengte Reformen a politesch Optiounen an der Praxis net richteg zum Droe kommen. Ëmmer dann, wann deen eegene Virgäertchen méi wichteg ass, wéi grouss gesellschaftlech Ziler. Eng „Carte blanche“ vum Kommunikatiounsberoder a laangjäregen Journalist Marc Glesener.

AUDIO: D'Carte Blanche vum Marc Glesener

Ee Waljoer, dat ass eppes ganz Besonnesches. Et gëtt kaum esou vill iwwer Politik geschwat ewéi an de Méint virun deem Dag, op deem en neit Parlament gewielt gëtt an domat déi politesch Landschaft een neit Gesiicht kritt. Bis de 14. Oktober ass et nach e Stéck an et gëtt intensiv u Programmer geschafft, un neien Iddien a Visiounen fir d’Zukunft vum Land.

Des Virschléi ginn dann an Broschüren an Trakten awer och via déi sozial Medien ënnert d’Leit bruet. Net ze vergiessen déi sëllechen Interviewen an Artikelen iwwer déi sou genannten politesch Inhalter. Inhalter, déi jo, wéi et heescht, méi wichteg sinn ewéi Gesiichter.

Esou wäit esou gutt.

Wourop et ënner dem Stréch ukënnt, ass wat aus esou gudden Iddien duerno an der realer Politik geschitt. Dann zum Beispill, wa Projeten, Initiativen oder Gesetzer mussen ëmgesat ginn. Dann mussen och d’Leit, d’Wieler Verantwortung iwwerhuelen an eng Ëmsetzung vu politeschen Entscheedungen erméiglechen.

Da spillt, et dierft kee wonneren, eng ganz aner Gei. Beispiller ginn et genuch. Da gëtt sech opgereegt, manifestéiert an dacks esouguer prozesséiert.

Not In My Back Yard. NIMBY. Dat ass ee bekannte Leitmotiv.

Dees sinn ech mer kierzlech no e puer Deeg Vakanz nees bewosst ginn, wéi ech op Lëtzebuerg zréckkoum an de Radio gelauschtert an d’Télé gekuckt hunn. Zwee Haaptitelen gouf et do: Éischtens Oppositioun géint geplangte Wandmillen an där enger Gemeng. Zweetens Biergerprotest géint eng Bio-Eeër-Farm an enger anerer Gemeng.

Nu gehéieren d’Fërderung vun Alternativen Energien an eng zolidd Portioun Bio an der Landwirtschaft wuel zu deenen Fuerderungen a Verspriechen, déi all Parteien maache an och de Gros vun de Wieler absolut an der Rei fannen. Awer just net wann et virun der eegener Hausdier ëmgesat gëtt.

Wann ee selwer betraff ass, selwer muss op eppes verzichten, selwer och nëmmen e bëssen an och nach  indirekt vun eppes betraff ass, gesäit fir vill Leit d’Welt ganz anescht aus. Da gëllen aner Prioritéiten an aner Prinzipien. Da muss d’Politik noutfalls agräifen an sech wa méiglech direkt ëm de Problem vum Eenzelen këmmeren.

Kee Wonner, dat am politeschen Geschäft dofir oft gezéckt gëtt a vill Leit wëllen op d’Nummer sécher goen. Si gi genee dohinner gedriwwen. Vun e Wieler selwer, déi no Léisungen a Konzepter am groussen Stil fir d’Land verlaangen, dacks awer, wann et ëm den eegene Virgäertchen geet, ganz kleng denken.