E Mindestalter fir Relioun?

© Christine da Felicidade
A senger Carte blanche vun haut mécht sech de Laurent Schley, President vun AHA*, puer Gedanken iwwert e méigleche Mindestalter fir Relioun.
Spëtzevertrieder vun deenen däitsche kierchen-noe Parteie CDU an CSU hunn an de leschten Deeg e Verbuet vum Voile verlaangt, an zwar fir Meedercher ënner 14 Joer vu muslimeschen Elteren, well déi Kanner ze jonk wieren, fir sech kënne géint den Octroi vun engem reliéise Symbol ze wieren.
Komesch ass, dass di selwecht Politiker kee Problem hunn, wa Kanner vu kathouleschen oder evangeleschen Eltere quasi direkt no der Gebuert vu Reliounen zwangsrekrutéiert ginn. Oder wann di Kanner puer Joer mi spéit duerch aner reliéis Ritualer wéi d’Kommioun geschleist ginn.
Di selwecht Politiker hu kee Problem, fir Kanner an all ëffentleche Raum mat engem Kräiz ze konfrontéieren, wéi elo a Bayern. Si stéiere sech net drun, wa Relioune Kanner indoktrinéieren, se forcéieren, Märercher als absolutt Wourechten ze gleewen an näischt kritesch ze hannerfroen, an deene Fuerderunge mat deem erfonnte Konzept vun der Hell Nodrock verschafen.
Di selwecht Politiker kritiséieren éischter selten di reliéis motivéiert Beschneidung vu klenge Bouwe vu jiddeschen a muslimeschen Elteren, oder déi kierperlech Mutilatioun vu klenge Meedercher a villen afrikanesche Länner. An der Äntwert vun der Lëtzebuerger Gesondheetsministesch op eng rezent parlamentaresch Fro kann een tëscht den Zeile liesen, dass hei am Land di reliéis motivéiert Beschneidung vu Bouwen net verbueden ass, sou laang se an engem „milieu médical“ duerchgefouert gëtt. An Island hunn d’Politiker méi Courage: do soll reliéis motivéiert Beschneidung vu Kanner elo ganz verbuede ginn.
Alles, wat ech elo opgezielt hunn, si reliéis Zwäng, géint déi Kanner sech genau sou wéineg kënne wiere wéi Meedercher ënner 14 Joer, di mussen ee Voile droen. E Kand vun néng Joer, wat an e Kostüm gestach gëtt an da muss mat enger Käerz an der Kierch stoen, mécht dat net aus eegener reliéiser Iwwerzeegung, mee well seng Elteren oder dee sozialen Drock dat sou virschreiwen. A kee Kand wielt fräiwëlleg eng Verstümmelung oder Verännerung vu senge Geschlechtsorganer.
Et muss ee sech dofir froen, ob sou Aussoe vun däitschen C-Politiker net missten als ferm hypokritesch bezeechent ginn, wann net souguer als eppes Schlëmmeres.
All Mënsch ka gleewe wat e wëllt. D’Fro sief awer erlaabt, ob ee mannerjäreg Kanner net vu reliéis motivéierten Zwäng misst ganz verschounen. A wann se groussjäreg sinn, selwer denke kënnen a genuch Informatiounen iwwert eis Welt an eis Gesellschaften hunn, kéinte Si aus fräie Stécker decidéieren, op se wëllen enger Relioun zougehéieren oder net, e Voile droen oder net, sech beschneide loossen oder net. D‘Mënscherechter an de Schutz vum Kand missten definitiv iwwert der Reliounsfräiheet stoen. An dat muss fir all d’Relioune gëllen.
* Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg a.s.b.l. (AHA), www.aha.lu