A senger Carte Blanche schwätzt de Jean Huss, President vun der Associatioun AKUT iwwert eventuell Gesondheetsrisike vun den neie "Smart Meter"-Compteuren.

AUDIO: Carte Blanche vum Jean Huss

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Zanter méi wéi 25 Joer ass d’Associatioun AKUT hei zu Land bekannt wéinst hirer kritescher Informatiounsaarbecht, onbequeme Warnungen a konstruktive Rotschléi a Saachen Ëmwelt a Gesondheet, wéi och fir e präventive gesondheetleche Verbraucherschutz.

Haaptschwéierpunkte vun dëser kritescher Opklärungsaarbecht waren niewent dem Quecksëlwer-Amalgamm an aner onverdréiglechem Zahnersatzmaterial virun allem och chemesch, biologesch oder physikalesch Belaaschtungsfakteuren am Haus- a Bürosberäich an op der Aarbechtsplaz, belaaschtent Iesswueren an esou wieder.

Vun Ufank un hate mer och ëmmer op méiglech Gesondheetsrisike vun niddgregfrequenten oder héichfrequenten elektromagnéitesche Stralen, virun allem am Haus- oder Bürosberäich, higewisen.

Esou wéi am Ausland ginn zanter ronn zwee Joer och hei zu Lands vun der Energiewirtschaft nei elektronesch sougenannt „intelligent“ Compteuren, och bekannt ënnert dem Numm „Smart Meteren“, an ëmmer méi Wunnengen agebaut.

Opgrond vu senge Statute kann AKUT nëmmen op méiglech Gesondheetsrisike vun neien Technologien agoen an net op aner méiglech Problemer, wéi an dësem konkrete Fall zum Beispill d’Problematik vum Dateschutz.

Am Ausland, an enger Rei vu Länner, hunn eenzel ONGen a Biergerinitiative viru méigleche Risike vun de „Smart Meteren“ gewarnt, während d’Gesondheetsministèrë wéi sou dacks scheinbar kee Problem gesinn. Des Kritik gëllt och fir eise Gesondheetsministère, well eng seriö Uwendung vum „Principe de précaution“, vum Virsuergeprinzip et dach eigentlech verlaangt hätt, selwer Kontroll-Moossunge virzehuelen, éier et zu enger massiver Installatioun vun dësen neien elektronesche Systemer an eisen Haiser komm wier.

Luewenswäerterweis huet an de vergaangene Méint d’ULC, d’Union luxembourgeoise des consommateurs, esou Moossungen duerchféiere gelooss an elo och d’Resultat dovunner publizéiert. Folgend Konklusioune kënnen dorausser gezu ginn:

  1. Déi hei zu Lëtzebuerg benotzte „Smart Meter“ –Technologie funktionéiert an engem 100-Kilohertz-Beräich, zu dem et a gesondheetlecher Hisiicht leider bal keng Studie gëtt.
  2. An enger Wunneng entsteet duerch déi nei „Smart Meteren“ zousätzlech elektresch a magnéitesch Stralung, an dat zimlech gläichméisseg verdeelt. Eng Stralung, déi allerdéngs relativ minim ze si schéngt, virun allem am Verglach mat wahrscheinlech scho bestoende Stralungsquelle wéi Handy, kabellos DECT- Haustelefonen a WIFI.

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Well et an de leschte Joren ëmmer méi Mënsche gëtt, déi op esou e Stralungs-Ëmfeld elektro-sensibel reagéieren, proposéieren d’Experten dofir eng Partie allgemeng oder individuell Moossnamen, fir sech a seng Famill virun der zousätzlecher Stralung vun de „Smart Meteren“ ze schützen:

  1. Bei Neibau oder Renovatioun vu Gebaier: den Asaz vu Glasfasertechnologie an / oder d’Verdrillung vun de Kabelen.
  2. De präventiven oder nodréiglechen Abau vu spezielle Schutzfilteren.

Doriwwer eraus recommandéiert AKUT e responsabelen Ëmgang mat Handy an Tablets an zum Beispill de WIFI doheem esou ze programméieren, dass e sech nuets automatesch ausschalt.