Inklusioun vu Mënsche mat engem Handicap an de regulären Aarbechtsmaart ass och een ESG-Zil

An der Europäescher Unioun, sinn d‘Mënsche mat engem Handicap net genuch an de regulären Aarbechtsmaart integréiert, obschonn der vill eng ganz gutt Ausbildung kruten.
An dëser Carte blanche seet den Auteurm datt et dach ee selbstverständlecht Zil vun enger normaler ESG-Strategie misst sinn, fir d’Inklusioun vun de Mënsche mat engem Handicap systematesch ze verwierklechen.
D’Weltwirtschaft steet viru groussen Erausfuerderungen, an dat besonnesch wann et drëms geet, déi ambitiéis Ziler vun enger nohalteger Wirtschaft ze erreechen. Dofir sollen eng Rei vu Grondprinzippe respektéiert ginn, déi an 3 Beräicher eng Uwennung musse fannen. Dës Beräicher gi mat den 3 Buschtawen ESG resuméiert. E, steet fir de Beräich Ëmwelt, S, fir de Beräich Sozial Aspekter a G fir de Beräich vun der Gouvernance oder der Gestioun vun de Betriber.
Et geet net nëmmen drëms, fir datt ee Produktiounsoflaf keen negativen Impakt op d’Ëmwelt huet, mee esou een Zil muss och erreecht ginn, an deem d’Mataarbechter korrekt behandelt ginn. Da muss dee Betrib verantwortungsvoll geréiert ginn, an dat net nëmmen am Respekt vun alle gesetzleche Bestëmmungen, mee och am Respekt vun héijen eetheschen Normen. Dat muss einfach alles zesumme goen.
Vill Betriber an och aner Organisatiounen hunn sech d’ESG-Prinzippien op de Fändel geschriwwen a weisen dann och mat vill Houfert op hir Errongenschaften hin. Da gëtt munchmol vergiess, datt ESG-Prinzippien och bei Aktivitéite kënnen ugewannt ginn, déi net esou spektakulär wierken. Dat ass de Fall zum Beispill bei der Inklusioun vu Mënsche mat engem Handicap an de Betriber an Organisatiounen.
Hei gëllt et ganz allgemeng, eng Ëmwelt an een Ëmfeld ze schafen, déi den Uspréch vu Mënsche mat engem Handicap ugepasst sinn, an dat besonnesch an de Betriber. Am Sozialem heescht et, déi spezifesch Besoinen a Contraintë vu Mataarbechter mat engem Handicap ze berécksiichtegen. An an der Gestioun vun engem Betrib heescht et och, op Fuerderunge vun deene Mataarbechter ze lauschteren a se weider ze leede bis an déi iewescht Instanzen.
A verschiddenen angelsächsege Länner hu sech eng Rei Organisatiounen agesat, fir d’Inklusioun an d’Betriber vu Mënsche mat engem Handicap. Si hu festgestallt, datt am Allgemengen net genuch Mënsche mat engem Handicap als regulär Mataarbechter an de Betriber ugestallt sinn *). Dat ass schued, well och déi allermeescht Mënsche mat engem Handicap eng gutt a munchmol eng ganz gutt Ausbildung kruten. Et ass awer och opgefall, datt grad Betriber, déi sech där Problematik ugeholl hunn an ESG-Prinzippien och bei der Inklusioun vu Mënsche mat engem Handicap uwennen, oft esouguer méi rentabel ware wéi Betriber déi dat net maachen **).
An enger Zäit, wou mir ee grousse Manktem u qualifizéierte Mataarbechter hunn, wier et dach ubruecht, fir méi Ustrengungen ze maache fir d’Inklusioun an de regulären Aarbechtsmaart vu Mënsche mat engem Handicap ***).
Michel Maquil
Fräi Wirtschaftberoder
Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse
*) Seule la moitié des personnes handicapées ont un emploi, contre trois personnes sans handicap sur quatre. Commission Européenne, Emploi, affaires sociales et inclusion : Personnes handicapées, défis à relever.
**) Accenture Report Finds Organizations with Disability-Inclusive Policies More Financially Successful; Hall Benefits Law, LLC, March 21, 2024
***) Teilhaben von Menschen mit Behinderungen: Der Arbeitsmarkt soll inklusiver werden, Bundesministerium für Arbeit und Soziales, Mai 12, 2023