Enlightment anew

© Jens Koch / RTL Grafik
En Deel vun der Welt ass traureg, rosen oder geschockt iwwert d’Resultat vun de Presidentschaftswalen an den USA.
Fanatesch gefreet, gëtt sech virun allem op rietsextreme Säiten am Internet (1): vun Dark Maga, iwwert rassistesch Nationalisten, reliéis Extremisten, Konspiratiounstheoretiker bis zu enger radikaliséierter Manosphär (2). Spréch ewéi: "your body, my choice," goufen de 6. November 4,600% mol méi gedeelt wéi déi Deeg virdrun (3). Op Facebook, X a rietse Podcaste gëtt jubiléiert. De Republikaner Mike Davis, deen anscheinend gutt Chancen hat, (4) dem Trump säin "Attorney General" ze ginn, schreift op X iwwer d’Demokraten, hie wéilt "hir doudeg politesch Kierper duerch d'Stroossen zéien, se verbrennen an iwwer d'Mauer geheien" (5). Deen Haass a Fanatismus kënnt ëmmer méi am Mainstream un.
Et läit och e Schied op der UN-Klimakonferenz COP29, déi säit Ufank der Woch zu Baku amgaangen ass. Den Trump, deen déi wëssenschaftlech Fuerschung zur Klimakris fir eng Ligen hält, huet annoncéiert, aus dem Paräisser Ofkommes erauszeklammen (6). Wéi scho virun de Walen am „Project 2025“ vun der Heritage Foundation beschriwwen, geet et dem Trump drëms demokratesch a rechtsstaatlech Grondwäerter, Grondrechter vu Fraen a Minoritéiten, Reegele fir de Klimaschutz an international Solidaritéit ze zersetzen (7). An natierlech och ëm Regulatiouns- a Steierofbau fir eng kleng zynesch Milliardärsklass, déi den Trump am Walkampf mat hire Suen (8) a Medien ënnerstëtzt huet. D’Gefor ass grouss, dass dee politeschen Trend aus den USA och hei an Europa ëmmer méi staark gëtt (9). Awer Fatalismus ass ni eng Léisung (10) a just de politesche Status quo an der EU ze verdeedegen, wou ëmmer méi Leit sozial Problemer an dëser Polykris hunn, geet sécher net duer (11).
Fir den Historiker Richard Whatmore huet d’Opklärung am 18. Joerhonnert versicht, de Mënsch vun all Zorte Fanatismus, Obskurantismus an Zynismus ze befreien. A sengem Buch iwwert déi däischter Period, wéi d’Opklärung deemools zum Enn koum, schreift hien zum Schluss iwwert eis Zäit vun haut: "Mir liewen haut erëm an enger Welt, an där d’Opklärung zu Enn geet, well déi, no 1945 formuléiert Strategien zur Verhënnerung vum Ausbroch vu […] Gewalt, vu Fanatismus a Chaos, no an no gescheitert sinn oder opgi goufen" (12). Hie schreift awer och, dass mir haut nees nei Weeër a Strategien zur Opklärung erkämpfe mussen: "We need to battle for enlightment anew". Duerfir lount et sech, sech ze engagéieren.
(1) Tess Owen: Far-Right Donald Trump Supporters Celebrate His Victory With Violent Memes and Calls for Executions, 6. November 2024, www.wired.com/story/donald-trump-far-right-supporters-violent-memes
(2) Caroline Haskins: Rogan, Musk and an emboldened manosphere salute Trump’s win: ‘Let that sink in’, The Guardian, 7. November 2024, www.theguardian.com/us-news/2024/nov/07/joe-rogan-elon-musk-heterodoxy-trump-win-reaction
(3) Institute for Strategic Dialogue: “Your body, my choice:” Hate and harassment towards women spreads online, 8 November 2024, www.isdglobal.org/digital_dispatches/your-body-my-choice-hate-and-harassment-towards-women-spreads-online
(4) De 14. November ass bekannt ginn, dass de Matt Gaetz déi Funktioun iwwerhuele soll. Deen ass net manner extrem.
(5) “I want to drag their dead political bodies through the streets, burn them, and throw them off the wall.” X, 6.11.2024.
(6) D'Laurence Tubiana, wat d’Ofkommes vu Paräis mat ausgeschafft huet warnt : «Trump a l’intention de mettre en place un système de destruction environnementale», Libération, 9. November 2024.
(7) www.theguardian.com/us-news/2024/nov/08/trump-administration-project-2025
(8) Dem Forbes-Magazin no hu mindestens 26 Milliardäre mat engem Gesamtverméige vun 143 Milliarden Dollar dem Trump säi Walkampf ënnerstëtzt. Virun allem déi Ultraräich hate vu senger Steierreform vun 2017 profitéiert, déi awer 2025 ausgelaf wier... Kuck: Heike Buchter: Die Insel der Reichen und Mächtigen, DIE ZEIT, 24.10.2024.
(9) Historikerin Anne Applebaum: "Was in den USA passiert, passiert in Europa", Tagesschau, 11. November 2024, www.tagesschau.de/ausland/uswahl/applebaum-us-wahl-100.html
(10) Hans Jonas: Fatalismus wäre Todsünde. Hg. v. D. Böhler, Münster: Lit 2005, S. 53-55.
(11) Esou sot de Bernie Sanders kuerz no de Walen an den USA: “The status quo is working very, very well for the people on top but it's not working well for working people, and the Democratic Party has become far too much a defender of the status quo...You have to acknowledge the pain and the reality of people's lives, or people will say, 'Screw you.'”
(12) Richard Whatmore: The End of Enlightenment: Empire, Commerce, Crisis, Penguin: Dezember 2023: “Once again we live in a world that has suffered an end of enlightenment as strategies formulated after 1945 to prevent civil and international violence, fanaticism and chaos from breaking out have gradually failed or been abandoned.” S. 313.