Wann d'Wunnengsnout eis Demokratie bedrot

Am leschte Politmonitor war de Logement alt erëm déi gréisste Suerg vun de Lëtzebuerger. Een Dauerbrenner, dee mir sollte seriö huelen. Dozou eng Carte Blanche vum Gilles Hempel.
Wunnen ass e Mënscherecht, mä wat bedeit dat Recht, wann ee sech et net leeschte kann?
Zu Lëtzebuerg ginn et vill Menagen, déi méi wéi d’Hallschent vun hirem Akommes ausginn – just fir ze wunnen. Jonker bleiwen ëmmer méi laang bei den Elteren. Net aus Bequeemlechkeet, mä well se einfach näischt fannen. Lëtzebuerger Famille plënneren an d’Ausland, well se hei keng Perspektiv méi gesinn.
D’Wunnengsfro ass net méi nëmmen eng Sozialfro. Et ass eng Fro vun Demokratie. Wie sech ausgeschloss fillt, a sengem eegene Land keng Wuerzele schloe kann, verléiert d’Vertrauen – an d’Politik an an d’Demokratie.
Wale verléieren hir Bedeitung, wann d’Mënschen d’Gefill hunn, dass hir Liewensrealitéit an der Politik keng Roll spillt. Wann déi eng ëmmer méi Eegentum cumuléieren an domadder spekuléieren, an déi aner d’Enner net méi beienee kréien.
Sou entsteet Politikverdrossenheet.
Aner Länner maachen et besser. Zu Wien, Helsinki oder Kopenhagen gëtt gebaut, net spekuléiert. Wunnraum gëtt do als ëffentlech Infrastruktur ugesinn. An dat funktionéiert.
Lëtzebuerg muss sech entscheeden: Bleift Wunnraum e Spekulatiounsobjet – oder gëtt et een Allgemeingut?
Si mer bereet, alles dofir ze maachen, dass och jonk Leit a Leit mat engem klenge Revenu eng Wunneng fannen, déi se sech leeschte kënnen?
Eng Demokratie, déi dauerhaft Mënsche vum Wunnengsraum ausschléisst, riskéiert, dass dës Mënsche sech och aus der Demokratie zeréckzéien. Dofir gëtt et Zäit, dass mir Wunnraum als gemengnëtzeg definéieren- als d’utilité publique.
Da kënne mir deen néidege Buedem vergesellschaften an déi Wunnenge bauen, déi mir brauche fir eis Leit, eist Land an eis Demokratie.