Moutarde après dîner oder iwwerluecht preventiv handelen?

© RTL-Grafik
Mir sinn all Dag enger Onmass vun net visibelen an net gräifbaren externen Aflëss ausgesat - vun der Loftverschmotzung iwwer elektromagnéitesch Strale bis hin zu kënschtlechen Zousätz a Liewensmëttel an dem Kontakt mat verstoppten toxesche Substanzen. Wéi solle mer heimat ëmgoen?
Chemesch Substanzen, déi an der Agrikultur benotzt ginn, kënnen dauerhaft ganz schlëmm a souguer déidlech Auswierkungen op d’Gesondheet vum Mënsch hunn. Dat rezent Beispill vun der klenger Emmy, dat mat 11 Joer u Kriibs gestuerwen ass, well seng Mamm an hirem Beruff als Fleuristin all Dag gréisser Quantitéite vu ganz verschiddenen Zorte vu Pestiziden ausgesat war, ass fir déi éischt Kéier, dat de Lien tëscht de Pestiziden an der Krankheet respektiv dem Doud vum Meedche sou kloer etabléiert ginn ass.
D’Riske fir d’Blummenhändler duerch de stännege Kontakt mat traitéierte Planze sinn zanter laangem op héijem Niveau bekannt, mä et gëtt näischt ënnerholl. Et bleift méi wichteg, dat d’Bild no baussen perfekt schéngt – flott faarweg Blummen, déi gutt richen, laang halen an de Leit solle Freed maachen. Leider kann dat mënschlecht Aen net ënnerscheeden, ob de Schéin no baussen och der Realitéit no bannen entsprécht.
An der Landwirtschaft gi gréisstendeels nach ëmmer chemesch Substanzen agesat, fir den Ertrag z’optiméieren. Änlech ass et och an anere Beräicher, wou chemesch Zousätz de Produktiounsprozess vun Artikelen, déi eis am Alldag ëmginn, vereinfachen oder d’Qualitéiten a priori verbesseren, sief dat Baumaterial, Kleeder, an natierlech och Substanzen a Produiten, déi direkt vum Kierper opgeholl gi wéi Kosmetikartikelen a Liewensmëttel.
An dëse Beräicher ass den direkte Lien zwar (nach) net duerch e Verdikt confirméiert, an dach wësse mer, dat eise Liewensstil an eis Konsumgewunnechte ganz sécher en Afloss op d'Entwécklung vu Krankheete wéi Kriibs, neurodegenerativ an autoimmun Krankheeten, déi an eiser Gesellschaft ëmmer méi zouhuelen.
Fir dee wirtschaftleche Wuesstem ze garantéieren, deen eisen aktuelle Liewensstandard erhält oder verbessert, muss ëmmer méi produzéiert ginn, den technologesche Fortschrëtt bitt vill Méiglechkeeten, mä déi laangfristeg Konsequenzen op d’Gesondheet an d’Ëmwelt sinn ze hannerfroe respektiv net wierklech ëffentlech bekannt. Et gëtt wuel gefuerdert, Medikamenter an Traitementer ze fannen, fir Krankheetsbiller - déi mer eventuell selwer ausléisen - ze bremsen oder ze heelen wat an de meeschte Fäll mat engem extrem héije Käschtepunkt verbonnen ass an trotzdeem leider nëmme wéineg effikass ass.
Vill méi wichteg an iwwerliewenswichteg wier et, d’Geforen un der Wuerzel ze paken, fir z’evitéieren, dass mer krank ginn. Mä dofir schéngt nach ëmmer net den néidege politesche Wëllen do ze sinn. Et gi wuel Direktiven op europäeschem Niveau ugeholl a Grenzwäerter fir verschidde Substanze festgeluecht, mä d’Wirtschaftslobby ass omnipresent a Wuesstem bleift éischt Prioritéit.
Alles an allem ass et eng änlech Situatioun wéi mam Klima. Mir wësse genee, datt mer riicht an d’Mauer lafen, an trotzdeem gëtt net seriö dru geschafft, fir radikal eng Ännerung ervirzebréngen. Wéini léiere mer eppes doraus, wuel réischt an dem Moment, wou mer eis selwer zur Majoritéit vernicht hunn?