Mir mussen zesummestoen, fir muer net nëmme propper Loft anootmen ze kënnen, mee och fir d'Loft vun der Fräiheet weider ze genéissen, mengt d'Anne Brasseur an hirer Carte Blanche.

Carte Blanche vum Anne Brasseur

Virun e puer Deeg ass d’Weltklimakonferenz op en Enn gaangen a jee no Standpunkt, mat ënnerschiddlechem Resultat: fir déi eng méi wéi enttäuschend a fir déi aner e richtege, wann och klénge Schrëtt an déi richteg Richtung. E Konsens besteet awer, dass muss gehandelt ginn, wa mer wëllen evitéieren, dass d’Naturkatastrophen, mat alle Konsequenze fir déi Betraffen, weider zouhuelen. Dee Konsens fënnt een allerdéngs net bei Klimaskeptiker a Klimaleegner, déi meeschtens aus dem extrem rietse politesche Spektrum kommen.

Beim Klimaschutz geet et awer net nëmmen em Moossname fir de Klimawandel ze bremsen, mee och ëm elementar Mënscherechter. D’Leit hunn e Recht op e Liewen an engem gesonde Klima an enger gesonder Ëmwelt!

Dass awer d'COP29 ausgerechent zu Baku am Aserbaidjan ofgehale ginn ass, muss ons dach all interpelléieren. Den Aserbaidjan ass nämlech e Land, an deem d’Meenungsfräiheet mëssuecht gëtt. Wat d’Pressefräiheet ubelaangt, sou läit den Aserbaidjan beim Press Freedom Index op Plaz 164 vun 180. Wéi soll ee kënnen éierbar iwwer d’Klima diskutéieren, an engem Land, wou den oppenen Discours verbueden ass?

Ënnert dem Präsident Aliyev, dee virun 21 Joer d‘Successioun vu sengem Papp iwwerholl huet, huet sech d’Mënscherechtssituatioun an der fréierer Sowjetrepublik ëmmer méi degradéiert.

Nach ni goufen et esouvill politesch Gefaangener. Journalisten a Mënscherechtsaktiviste sinn zu héije Prisongsstrofe condamnéiert ginn, mat fabrizéierte Beweiser, wéi z.B. illegalem Import vu Suen, Schmuggel oder Drogenhandel. Eng Associatioun muss vun der Regierung agreéiert ginn, soss maache sech hir Membere strofbar.

Och wann déi international Communautéit, wéi z.B. d'Europaparlament oder de Conseil de l'Europe de Regimm vum Aliyev ëmmer méi staark uprangert, weess een awer, dass et sech ëm e Land handelt, wat e sougenannten zouverlässegen Energie-Livreur ass, deen een dofir net ausschléisse wëll.

Den Aserbaidjan profitéiert dovun an zitt international Evenementer geziilt un, fir säin Image opzepoléieren, esou zum Beispill bei den Europäeschen Olympesche Spiller 2015. An dat trotz flagranter Violatioun vun der Olympescher Charta.
Déi international Communautéit muss solidaresch fir de Klimaschutz antrieden. Och den Aserbaidjan. Mir däerfen awer net einfach nokucken, wann d'Mënscherechter mëssuecht ginn.

Mir mussen zesummestoen: fir muer net nëmme propper Loft anootmen ze kënnen, mee och fir d'Loft vun der Fräiheet weider ze genéissen.