Mir brauche weider staark Associatiounen

© RTL-Grafik
Duerch d’Kris bei der Caritas a bei der ONG "Solidarité syndicale" vum OGBL huet de ganze Secteur schwéier gelidden. An dëser Carte blanche ginn e puer Weeër opgezielt, wéi een deene villen Organisatioune kéint hëllefen, fir datt se weider hier schwiereg a wichteg humanitär Aufgab kënnen erfëllen. Domat soll och dat vollt Vertraue vun de villen Donateuren erëm hiergestallt ginn.
Wann an enger Associatioun oder soss enger Organisatioun eppes schifgeet, da gëtt d’Fro vun der Verantwortung gestallt, an déi läit, a leschter Instanz, beim Verwaltungsrot. Dat wëllt awer net heeschen, datt et duer géif goen, esou ee Verwaltungsrot anescht opzestellen, fir datt dann automatesch näischt méi kéint schifgoen.
Do muss ee mol virausschécken, datt Associatiounen, a besonnesch déi, déi an der Entwécklungshëllef aktiv sinn, eng aussergewéinlech schwiereg Aufgab hunn. Et ass net einfach, Geld an Entwécklungslänner ze iwwerweisen. Et musse schwéierfälleg Prozedure respektéiert ginn. Am Fall vun engem Krich oder enger Naturkatastroph sinn déi lokal Systemer, fir Geld ze iwwerweisen, dann och nach staark gestéiert. An dach wëllt a muss ee schnell handelen.
Duerfir muss een unhuelen, datt eng Persoun, déi esou eng grouss Verantwortung an enger Associatioun iwwerhëlt, net nëmmen dat néidegt Fachwëssen huet, mee och nach bereet ass, sech lafend iwwert d’Risikoe vun deene spezifesche Finanzoperatiounen ze informéieren. Duerfir missten all déi Associatiounen sech onbedéngt zesummen dinn, fir een Austausch vun Erfarungen ze organiséieren.
Et goufen och vill Suggestioune gemaach, wéi een d‘Associatioune misst opstellen, fir esou Finanzprobleemer ze verhënneren. Wann een elo och nëmmen eng Rei vun deene gutt gemengte Rotschléi géif uwennen, da géifen d’Verwaltungskäschten drastesch eropgoen. Esou Associatioune sinn awer gehalen, esou vill wéi méiglech vum Geld vun den Donateure fir de gudden Zweck ze gebrauchen, an net, fir Verwaltungskäschten ze decken.
D‘Associatioune missten och selwer d’Heft an d’Hand huelen a sech zesummen dinn, fir no séchere Systemer ze kucken, fir Iwwerweisungen ze maachen. Et gëtt zu Lëtzebuerg eng Rei vu Start-ups, déi esou Programmer ubidden, déi Sécherungen abaue fir z.B. suspekt Operatiounen eraus ze filteren. Gläichzäiteg, kéinten d’Associatiounen sech och besser opstellen, fir sech géint d’Cyberkriminalitéit ze schützen, déi och ee ganz grousse Risiko fir esou Associatiounen duerstellt.
Et wier net gutt, datt d’Associatioune sech nëmmen op d’Banke verloossen, datt déi all suspekt Operatioun blockéieren, esouguer wann déi deemnächst duerch déi europäesch Direktiv PSD3 nach méi responsabiliséiert solle ginn.
D’Regierung an d’Banke kéinten esouguer hëllefen, fir datt d‘Associatiounen esou ee méi séchere System kréien. Et ass am Interesse vu jidderengem, datt mir staark Associatioune behalen, déi ouni ze vill Opwand de Leit an der Nout effikass kënnen hëllefen.
Michel Maquil
Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse
Fräie Wirtschaftsberoder