Déi bescht Konflikter sinn déi, wou guer net entstinn. Et läit awer an der Natur vum Mënsch, sech ze streiden, wat mer da mam gesonde Mënscheverstand, Mediatioun oder viru Geriicht klären. Ob en obligatoresche Militärdéngscht erfonnt vun ale wäisse Politiker fir jonk Mënschen eng weider Äntwert dofir ass, dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

Carte Blanche: Jean-Luc Thill

"Wie sech net u seng Vergaangenheet erënnert, ass dozou condamnéiert, se ze widderhuelen"[1]. Dëse Gedanke vum spuenesche Philosoph Jorge Santanaya wär heiheem wuel laang net méi sou aktuell wei haut: Firwat gouf dann 1967 de Service miltaire obligatoire zu Lëtzebuerg ofgeschaaft? Firwat zwéngt de Grand-Duché zënterhier seng Jugend net méi fir u Waffen ausgebilt ze ginn? Iwwregens eent vun de wéinegen - wann net dat eenzegt Argument - wat mech selwer bis ewell stolz gemaach huet, e Bierger vun dësem Land ze sinn.

Et gëtt de Moment vill Diskussiounen doriwwer, den obligatoresche Militärdéngscht heiheem erëm anzeféieren – en Thema, dat fir vill Gespréichsstoff suergt. Dofir froen ech mech: Si mer wierklech gutt beroden, dës Këscht vun der Pandora erëm opzemaachen oder anescht gesot: mécht esou eng Moossnam an eiser haiteger Zäit wierklech Sënn fir eist Land?
 
Neen, well Lëtzebuerg ass e Land, dat op Dialog an Diplomatie opgebaut ass, net op militäresch Kraaft. Eis Positioun an der Welt baséiert op Zesummenaarbecht an Institutioune wéi der Europäescher Unioun an der NATO. D’Verdeedegung vun eisem Land hänkt net vun der Gréisst vun enger Arméi of, mee vun internationaler Kooperatioun. E System vu Wehrpflicht, och wann et nëmmen e puer Rekrutte géif betreffen, wier deier an ineffizient, besonnesch fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg.
 
Neen, well jonk Leit ze zwéngen, hir Ausbildung, hir Karriär oder perséinlech Entwécklung fir ee Joer ze ënnerbriechen, kee Sënn mécht. Lëtzebuerg bléit duerch seng héichqualifizéiert a gutt gebilte Leit – dat ass de Grondstee vun eisem Erfolleg. E verflichtenden Déngscht riskéiert, dës Dynamik ze stéieren, wat ausbremst a frustréiert.

Neen, wéinst der Fräiheet. An enger moderner Demokratie wéi eiser ass et veraalt & iwwerlieft, Leit géint hiren eegene Wëllen ze zwéngen, eppes ze maachen.

Vill Jonker droen haut scho fräiwëlleg eppes zur Gesellschaft bäi – ob duerch Zivildéngscht, Ëmweltprojeten oder aner nëtzlech Initiativen. Firwat si forcéiere fir eppes ze maachen, wat hinne vläicht net entsprécht, wa mer hir Energie besser an anere Beräicher notze kënnen? Deemno kéint en obligatoresche Militärdéngscht och als Verstouss géint d'Mënscherechter ugesi ginn.

Neen, aus Budgetsgrënn. D’Mëttel an e System vu Militärflicht ze stiechen – mat neier Infrastruktur, Trainingsprogrammer a Verwaltungsopwand – géif eis Ressourcen nach méi belaaschten. Déi Sue kéinten éischter fir wichteg Themen agesat ginn, wéi bezuelbare Wunnraum, Bildung oder erneierbar Energien.

Amplaz op al Modeller zréckzegräifen, solle mer a modern a praktesch Léisungen investéieren: D’Fräiwëllegendéngschter stäerken, eis professionell Arméi ausbauen an d’Zesummenaarbecht mat eisen Alliéierte verdéiwen. Wann iwwerhaapt dann e Friddensdéngscht aféieren, deen de Wäerter vu Lëtzebuerg entsprécht a garantéiert, datt eis Jonk esou bäidroen, wéi et hinnen an deem Land am meeschte bréngt.

Dir kennt de Sproch: "Wer Strassen sät wird Verkehr ernten". D'selwecht ass et mat Waffe mam Ënnerscheed, datt de return on invest kee Verkéier ass.
Loosst eis de Service militaire obligatoire an de Geschichtsbicher stoen an eis op eng Zukunft konzentréieren, déi Stäerkt, Eenheet a Fräiheet reflektéiert, fir déi Lëtzebuerg steet. 
  
[1] Jorge Santayana (1863-1952) Original engl.: "Those who cannot remember the past are condemned to repeat it." - The Life of Reason, 1st volume, Reason in Common Sense (1905), Chapter 12