Eng Mask, déi dem Mann e Gefill vu Muecht gëtt

© RTL
A Frankräich suergt e Prozess fir vill Opmierksamkeet. Do ass eng Fra, d'Gisèle Pelicot, iwwert 10 Joer vergewaltegt ginn, ënner Ëmstänn, déi en Abléck ginn, wéi wäit Veruechtung vu Männer vis-a-vis vu Frae ka goen. Dozou eng Carte Blanche vum Psycholog a Mënscherechtler Gilbert Pregno.
Dat, wat ech elo hei soen, riicht sech un alleréischter Stell un d'Männer. D'Fraen an déi aner kënne roueg lauschteren.
Ech hunn a menger Aarbecht vill Affer vu Gewalt, sexuellen Iwwergrëff a Vergewaltegunge kennegeléiert: betraff si meeschtens Fraen, Kanner souwuel Meedercher ewéi Jongen, …Täter ware Männer. Léif Männer, wéi e Bild hu mer vun eis, dass mer eis erlaben, esou vill Verletzungen, Demütegungen ze verursaachen, déi net méi gutt ze maachen sinn. Oder da stomm sinn, wann déi Mëssstänn opfléien. Ech wëll a kann mäi Mond net halen.
Am Moment ass a Frankräich e Prozess, wou 51 Männer viru Gericht stinn, déi eng Fra, d'Madamm Gisèle Pelicot, vergewaltegt hunn. Ee vun hinne war hire Partner, de Papp vu hiren 3 Kanner. Deen huet si iwwert Jore reegelméisseg drogéiert an dann iwwert en Internetsite Männer agelueden, fir bei si Heem ze kommen. Schätzungsweis war dat 200 Mol de Fall. Hien huet alles gefilmt, sou dass et méiglech war 50 vun den iwwer 70 Täter ze identifizéieren. Eng 3.800 Fotoen a Videoe waren op sengem Computer gespäichert. Déi Männer waren tëscht 26 an 73 Joer al, banal Bierger, déi eng Famill hunn, Kanner, Bridder a Schwësteren, eng Aarbecht, Frënn...
Aus den Expertisen, déi gemaach gi sinn, héiert een, dass verschiddener vun hinne selwer Affer ware vu Mësshandlungen, dacks wéi se Kanner waren. Eng Erklärung, keng Entschëllegung! Eng Réi vun hinnen si gestänneg, awer anerer net: fir si all war dat ganz an der Rei fir mat der Madamm Sex ze hunn. Si louch do, plakeg am Bett, huet net reagéiert. D'Madamm Gisèle Pelicot ass eng couragéis Fra, si ass e Beispill fir eis Männer. Si huet drop gehalen, dass Sëtzunge vum Geriicht ëffentlech sollte sinn, dass een déi Videoe vun de Vergewaltegungen och konnten am Sëtzungssall projezéiert ginn. Hir geet et drëms, dass d'Täter sech solle schummen an net d'Affer.
Elo viru Kuerzem war Männerdaag. Firwat steet deen?
Mir ass et wichteg, dass mir Männer eis Stëmm erhiewen an d'Fraen net eleng de Kampf maache loosse géingt Mësshandlung, sexuell Iwwergrëff an Vergewaltegungen. De Kierper vu Fraen, vu Kanner, si keng Wuer, fir dass Männer doriwwer kënne verfügen. "Your body, my choice" grënnt eng Mënscherechtsverletzung, déi inakzeptabel ass. Nach ze vill oft si mer beaflosst vun enger Muecht, déi vu Generatioun zu Generatioun iwwergaangen ass, déi mécht, dass mir eis als Herrscher, Patriarchen erliewen.
Dat ass eng Mask, déi engem e Gefill vu Muecht gëtt. Domadder geet et elo duer. Mer brauchen dat net. Gläichheet bedeit e gemeinsamen Asaz vu Männer mat Frae géingt esou Mëssstänn.