Kënschtlech Intelligenz a real Dommheet

Fir d'Chrëschtdeeg huet d'Gemeng Lëtzebuerg 78 Kilometer Girlanden opgehaangen. Eleng fir d'Chrëschtmäert goufen 1,3 Millioune Liichtpunkten ubruecht. Angeblech fir Energie ze spueren, sinn dës LED-Luuchten nëmmen u vu 16 bis 23 Auer. Freides a Samschdes bis 24 Auer. Fir d'Feierdeeg bis 1 Auer.
Well d'elektresch Energie nuets méi verfügbar an doduerch och méi bëlleg ass, dierfen d’Erspuernisser vun der Gemeng Lëtzebuerg net ganz grouss sinn. Fir dat ze verstoen, brauch ee keng kënschtlech Intelligenz.
Dës Festorgie kontrastéiert mat der Weltlag. An der Ukrain ass nach ëmmer Krich. Am Gaza ass bal alles zerbommt. Et liewen 2 Millioune Leit an Noutlageren. Och am Libanon sinn iwwert eng Millioun Mënschen op der Flucht. Grad an Europa si Flüchtlingen ëmmer manner wëllkomm. Populistesch Parteie gewannen iwwerall Wale mat Friemefeindlechkeet. An Däitschland an a Frankräich sprangen demokratesch Parteien op dëse populisteschen Zuch. Maachen entgéint de Schengen-Verträg nees Grenzkontrollen.
Dobäi misst et der Welt dach esou gutt goen. En italieenesche Kënschtler huet eng Banann duerch e Klebeband zu engem Konschtwierk gemaach. Fir 6,2 Milliounen Dollar un e Bitcoin-Millionär aus Hongkong verkaaft. En anere Bitcoin-Millionär huet nëmmen 1,3 Milliounen Dollar ausginn, fir e Portrait vum Alan Turing, betitelt "AI-God". Gemoolt vun engem Roboter mat dem Numm “AI-DA”. Mécht d’kënschtlech Intelligenz ons zu engem Gefaangene-Chouer?
D'Krypto-Wärunge sinn op näischt opgebaut. Nëmmen op d'Hoffnung, dass de leschte Keefer nach en Domme fënnt, deen e puer Dollar méi ausgëtt fir eng kënschtlech Wärung. Gepuscht vun de Milliardären ëm den Donald Trump, dee seng erneit Präsidentschaft der Dommheet vun ze villen Amerikaner verdankt.
2024 war kee gutt Joer. 2025 riskéiert nach méi schlecht ze ginn. Ouni vill Intelligenz, weder real nach kënschtlech. Dofir awer mat nach méi Dommheet.