Den 9. Dezember war den internationalen Dag vun de Mënscherechtsverdeedeger an den 10. Dezember den internationalen Dag vun de Mënscherechter. Des Deeg musse laut dem Magali Paulus méi gewierdegt ginn. Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika, dem Zentrum fir politesch Bildung an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

Carte Blanche vum Magalie Paulus

Lo ass rëm d’Enn vum Joer, Zäit un de Kleeschen ze gleewen, un déi aner ze denken an och un d’Mënscherechter. Eis Gesellschaft brauch all Forme vun Aktivismus fir d’Mënscherechter. Vill Mënschen, déi d’Mënscherechter verdeedegen (défenseur·es des droits humains) si menacéiert, persekutéiert, kriminaliséiert, calomniéiert, exiléiert an esou guer ëmbruecht ginn. 2022 waren et 400 Defenseuren déi ëmbruecht goufe fir hiert Engagementer an dovun 177 déi sech fir de Planéit agesat hunn. An 10 Joer sinn et iwwer 5.000 Persounen déi ëmbruecht goufen. Si sinn nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg. Dofir ass de 9. Dezember den internationalen Dag vun den Défenseur-e-s des droits humains. Hiert Engagement ass fir déi mannste vun hinnen eng Vocatioun, mee eng Konsequenz vun Ongerechtegkeete mat deene si konfrontéiert gi sinn, a géint déi si sech asetzen. Et ass fir mech immens wichteg, all déi Fraen a Männer z’honoréieren, déi sech fir d’Reschter vun hire Matmënschen an hirer Ëmwelt asetzen.

Viru 6 Méint ass de José Domingo Montejo am Guatemala erschoss ginn. Hien war e Mënscherechtsverdeedeger an och en Affekot den Defenseure verdeedegt huet. Hie war mam Auto mat aneren Defenseuren ënnerwee an ass erschoss ginn. Heiansdo ass et gutt en Numm an net nëmmen eng Zuel virun den Aen ze hunn. Et sinn nämlech ëmmer Mënschen, déi en Numm, eng Geschicht hunn.

Fir Aktiviste brauche mer och eng geschützt an organiséiert Zivilgesellschaft. Hei zu Lëtzebuerg hu mer de Privileeg eis Stëmm ze hiewen, an d’Strooss ze goen, ouni dass mer ëmbruecht ginn. Dofir musse mer eis asetzen. Jiddereen*t vun eis!