Dëst gëllt och fir d'Entwécklung vun de Kanner an eiser digitaler Welt. Dozou eng Carte Blanche vum Direkter vun der Chambre des Métiers Tom Wirion.

Ob um Schoulwee, Doheem, iwwer Dësch, am ëffentlechen Transport, iwwerall sinn d'Kanner an déi Jugendlech op hirem Smartphone ënnerwee.
 
Ech weess net wéi et bei Iech ass, mee ech perséinlech loosse mäin Handy net baussent dem Schlofzëmmer wéi Schlof-Coachen et recommandéieren. Ech maachen och net reegelméisseg Digital "Detox" wéi Influencer eis dat anscheinend op Instagram virliewen. 
 
Dat, wat fir eis Erwuessener schlecht ass an e grousst Suchtpotenzial huet, ass fir Kanner a Jugendlecher problematesch a fir déi klengst vun hinne carrement schiedlech!
 
Wann ee sech d'Offer vun Online-Video-Plattformen ukuckt, mierkt een, datt d'Kanner zu den wichtegsten Zilgruppe gehéieren. Bei Sendungen, déi extra fir d'Kanner "designt" sinn, ass d'Begeeschterung an domat d'Sucht-Potential am gréissten.  Dëst ass definitiv net am Sënn vun enger positiver Kanner-Entwécklung. 
 
Déi ass der Fuerschung no nëmme méiglech, wann d'Bildschiermer an der Kanner-Erzéiung net déi handwierklech Fäegkeete verdrängen. Leider steet dat, wat eis ugebuer ass, also d'Saachen an d'Hand ze huelen, se mat all eise Sënner zu "ënnersichen" a se dann zesummen ze bauen an erëm auserneen ze huelen, ... a staarker Konkurrenz mat dem "Screentime". 
 
Dofir ass d'Chambre des Métiers säit enger Rei Joren zesumme mat Handwierker am Primär, am Secondaire an och a Maison-relaisen ënnerwee, mam Zil, d'Schüler, d'Enseignante an d'Eltere fir d'Handwierk ze sensibiliséieren an de Kanner ze weisen, wéi flott et ass eppes, mat den eegenen Hänn ze gestalten.
 
D'Digitalitéit an der Gesellschaft kann een net méi ofschalten. Mee et gëtt Studien a Richtlinnen, déi eis als Erwuessenen hëllefen, d'Situatioune richteg anzeschätzen an ze gesinn, wat fir d'Kanner gutt ass, am Sënn vun enger positiver Entwécklung.
 
An do si mir beim Handwierk. Oder aneschters formuléiert: ouni Handwierk leeft bekanntlech näischt, och net bei der Entwécklung vum Kand.
 
Handwierklech Aktivitéite si gutt fir d'Fein-Motorik. Kanner leieren hir Hänn a Fanger präzis ze beweegen. Dëst ass fir déi kierperlech a kognitiv Entwécklung wichteg. Studie weisen, dass Kanner, déi reegelméisseg handwierklech Tätegkeeten ausüben, besser komplex Problemer kënne léisen a kreative Léisunge fannen. 
 
D'Handwierk fërdert och déi sozial Fäegkeeten. Seele schafft een am Handwierk eleng. Kanner léieren also ze kommunizéieren, zesummenzeschaffen a Konflikter ze léisen. Dëst gëtt hinnen d'Gefill vu Gebuergenheet a Sécherheet, wat an eiser haiteger Welt, keng Selbstverständlechkeet méi ass, virun allem dann, wann d'Opmierksamkeet vun den Elteren op de Smartphone fokusséiert ass. An d'Kanner kënne stolz sinn op dat, wat si realiséiert hunn an dat stäerkt hiert d'Selbstbewosstsinn.
 
D'Handwierk fërdert och déi emotional Entwécklung duerch Gedold an Ausdauer. Dës Erfarunge kënnen och frustréierend sinn, mä doduerch entwéckele si eng Frustratiounstoleranz an d'Fäegkeet mat Réckschléi ëmzegoen.
 
Am Géigesaz zu de Bildschiermer bidden déi handwierkleche Tätegkeeten also vill Virdeeler an droen dozou bäi, dass d'Kanner zu gesonden an ausgeglachenen Erwuessener opwuessen. Dofir ass et wichteg, datt et och nach fir déi nächst Generatioun vu Kanner reell Virbiller a "Macher" an enger realer Welt ginn. An dofir stinn d'Handwierkerinnen an d'Handwierker.