Den Trump huet eng nei "First Lady", den Elon Musk

© RTL Grafik
De Robert Weber, fréieren LCGB-Nationalpresident a fréieren Deputéierten, beschäftegt sech mat den amerikanesche Walen an hiren Auswierkungen op d’Welt, op d’EU an och op Lëtzebuerg. Hei ass e geféierlecht Spill amgaangen a wäert eist Liewe wesentlech beaflossen.
Déi amerikanesch Wale sinn eriwwer. Den Trump ass gewielt. Hie setzt grad seng nei Regierungsekipp zesummen, warscheinlech laanscht de Kongress. Domat steet den Trump eemol méi an engem gelungenen demokratesche Liicht. Awer net eleng dat! D’USA weisen eis, dass si e ganz komesche Walsystem hunn. Hiere Rechtssystem kënnt eis och wéineg demokratesch vir. Hei kann e President gewielt ginn, géint eng Majoritéit vun de Wielerstëmmen; hei kann e President gewielt ginn, de geriichtlech Prozeduren esou béie kann, dass hien ëmmer ongeschueren dervu kënnt.
Dat Amerika, wat mer kannt hunn a respektéiert hunn (wéinst senger an eiser Vergaangenheet), gëtt et net méi. Den Trump kennt nëmmen en "America First".
Wat nach méi geféierlech ass, an Amerika kann nëmmen e President gewielt ginn, dee vill Geld huet, oder kritt.
Bis elo hunn d’Milliardäre sech ëmmer offiziell an der Politik am Hannergrond gehalen. Och dat ass eriwwer.
Ouni gewielt ze sinn, weder beim Vollek, nach beim Kongress, oder Senat, mëschen si tatkräfteg an offiziell elo mat.
Den Elon Musk ass e Paradebeispill. Am Numm vum Trump verhandelt hie mat Russland, der Ukrain, Israel avm. Hien soll och elo den amerikanesche Staat schlank maachen.
Déi brasilianesch Gerichter hunn seng Internet-Plattform X verbueden. Wéi déi brasilianesch First Lady dat begréisst huet, huet de Musk mat engem Laache geäntwert , dass och a Brasilien deemnächst Wale virun der Dir stéingen. De Musk beleidegt permanent déi brittesch gewielte Labour- Regierung. Mir erënneren eis, de Musk huet dem Trump wärend sengem Walkampf Stemme mat enger Lotterie fir allkéiers 1 Millioun Dollar gefaangen an a säi Walkampf iwwert 120 Milliounen Dollar investéiert.
Sécher ass, d’Welt ännert sech.
Den Trump ass kee verlässleche Partner méi. D‘Nato interesséiert hien net . D’EU souwisou net. Hien këmmert sech elo ëm säi Frënd a Russland, säi Frënd an Israel a säi Feind a China. Seng Zoll-Politik wäert ouni Récksiicht duerchgezu ginn. Si wäert an Europa zu "Heulen und Zähneknirschen" féieren. Mir sinn an der EU amgaang, an eng riseg Wirtschaftskris eranzerutschen. Dausenden Aarbechtsplaze stinn um Spill. Eis Sozialversecherungswiesen geroden ënner Drock, wéi nach ni.
Kuckt emol an Däitschland, oder Frankräich.
Beim "ëffentlech Gelder spueren", denken d’Politiker ëmmer vir d'éischt un déi mannerbemëttelt Leit. Den Trump wäert versichen, den US-Budget op dem Bockel vun der aarmer Bevëlkerung ze sanéieren. Hie wëllt Steiererliichterunge fir Millionären a Milliardären.
A wat maache mir?
Ech weess et!
Mir kucken no a reagéieren op déi selwecht Manéier!
Déi kleng Leit wäerte méi aarm ginn, an déi Räich gi méi räich. Vun 2015 bis haut huet de Milliardären hiert Verméigen sech méi wéi verduebelt. A wéi geséit et bei iech aus?!
Ech gesinn an der EU kee politesche Wiessel, ech gesinn och kee Politiker mat dem néidege Charisma an de Visiounen, fir eis Welt méi gerecht a manner ongläich ze maachen.