Eng Carte Blanche vum Richard Graf iwwert en Handelsofkommes, dat zum falsche Moment geféierlech Piste fir Zukunft verfollegt.

Carte Blanche vum Richard Graf

De leschte 6. Dezember ass de Kleesche mat engem onerwaarten an awer och zimmlech deplacéierte Cadeau zu Montevideo, am latäinamerikaneschen Uruguay, opgedaucht - dat a Form vun der aler an neier EU-Kommissiounspresidentin.

E leschte Freideg gouf nämlech dee säit Laangem verhandelte Mercosur-Accord am Numm vu 27 EU-Memberstaaten, a vun de Mercosur-Länner Argentinien, Brasilien, Paraguay an Uruguay ënnerschriwwen.

Domadder geet een Ofkommes an d'Ratifizéierungsprozedur, dat nach um Ënn vum leschte Joerhonnert an enger renger Wuesstemslogik ugeduecht gouf, an dat den aktuelle Realitéite vun der Klimakris net Rechnung dréit.

Vertrieder vun der Zivilgesellschaft - op béide Säite vum Atlantik - hunn dës onugekënnegt Aktioun schaarf kritiséiert.

D'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet vun engem wirtschaftleche Win-Win-Deal geschwat. Si huet dobäi awer net erwäänt, datt villfach Etuden op schwéier wirtschaftlech Risiken hiweisen. Esou wäert an der Regioun d'Ongläichheet verstäerkt an déi nohalteg Entwécklung gebremst ginn. Kleng a mëttelgrouss Bauerebetriber ginn duerch eng groussindustriell Landwirtschaft an eng erhéichte Béischteproduktioun ersat.

Duerch den Accord erhéicht d'EU den Import vu Rëndfleesch an aner landwirtschaftlech Produkter aus Südamerika, am Echange vu méi Industrieprodukter. D'EU liwwert Pestiziden - dorënner och där, déi bei eis verbuede sinn. Dëse Wueremix wäert an der Regioun zu méi Klimaemissiounen a zu méi Biodiversitéitsverloscht féieren. D'Ofholzung riskéiert ëm 25 Prozent zouzehuelen. Domadder ginn indigeen Communautéiten an hirer Existenz bedreet.

Dësen Accord ass dann och ee frontalen Ugrëff op d'Demokratie. Et gouf hannert dem Réck vun de Bierger verhandelt. D'Kommissioun refuséiert detailléiert Informatiounen erauszeginn. Beonrouegend ass och, datt den EU-Mercosur-Accord soll opgedeelt ginn, fir d'Ratifizéierung ze beschleunegen. Dat géif bedeiten, datt den Handelsdeel ugeholl gëtt, ouni obligatoresch Zoustëmmung vun den eenzele Parlamenter. Domadder gëtt dat ursprénglecht Verhandlungsmandat vun der EU massiv verletzt.

D'Kommissioun behaapt d'global Kompetitivitéit vun der EU stäerken ze wëllen. Duerfir riskéiert si awer demokratesch Rechter zeréckzeschrauwen an déi schiedlech Auswierkunge vum Accord ze negligéieren. D'Auswierkunge vun der Klimakris falen ënnert den Dësch. Esou gi langfristeg Konsequenze fir d'Mënschen an de Planéit ausgeklammert, déi mat enormen ekonomesche Schied wäerte verbonne sinn, déi wäit iwwer déi kuerzfristeg erwaarte Wuesstemsimpulser erausginn.

En an engem Kontext wou déi international Ustrengunge géint de Klimawandel ëmmer méi a Fro gestallt ginn, hätt de Moment fir den EU-Mercosur Accord festzeklappen, kaum méi schlecht kenne gewielt ginn.

Et sief dann, et geet een dovunner aus, dat d'Kommissioun von der Leyen-II, ënnert dem Drock vu rietspopulisteschen Tendenzen, de Kampf fir eng nohalteg Entwécklung vun eisem Planéit vu vir eraus opginn hätt.