400 Joer Oktav: Chapeau

400 Joer Oktav feiert d'Kierch zu Lëtzebuerg. Dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.
Just viru Chrëschtdag iwwer d’Oktav schwätzen, kléngt anachronistesch. Ass et awer net, well mer matzen an de Jubiläumsfeierlechkeete sinn, déi vun Dezember 2024 bis Mee 2025 daueren. Wourëms geet et? Am Dezember 1624, viru genee 400 Joer, ass mam Opstelle vun der Statu vun der Consolatrix Afflictorum um Glacis an der Stad de Grondstee vun der Oktav geluecht ginn, eis national Mariepilgerzäit, déi sech bis haut duerchzitt.
Gefeiert gëtt dee Jubiläum mat Konferenzen, Concerten, Publikatiounen, Liturgien, Illuminatioun vun der Kathedral, engem neie Kanner-Oktavlidd, engem Jubiläumstimber, dem Planze vun enger Lann, enger Peregrinatio vun der Statu aus der Kathedral an Alters- a Fleegeheemer, enger Expo am City Museum asw., an dat bis an d’Fréijoer eran.
D’Mariewallfaart ass wéi e roude Fuedem duerch eis Geschicht, mat hirer Glanzzäit am Ancien Regime bis zur Dekadenz wärend der Franséischer an der Belscher Revolutioun ëm an no 1800 an dem Revival am 19. Joerhonnert: eng Dynamik mat vill Op an Of, Bréch an Transformatiounen. An enger Zeitung stoung: Lëtzebuerg an d’Oktav hu sech géigesäiteg gepräägt.
Eng Volleksreliositéit wéi de Kult vun der Tréischterin am Leed huet Wäerter vermëttelt, besonnesch eng grouss Solidaritéit, déi Individuen a Gruppen duerch gemeinsam Idealer a Perspektiven zesummeschweesst. Dëst ëmsou méi, well d’Oktav vun Ufank bis haut e „facteur de rassemblement“ war, mat Bedeelegung vun einfache Leit bis zu héchste Vertrieder vu Stad a Land. All dëst mécht aus där Wallfaart e reliéis-gesellschaftleche Phänomen, dee sengesgläiche sicht, als Bestanddeel vum nationale Patrimoine geschützt duerch d’UNESCO zënter 2018.
Oktav, e Stéck Lëtzebuerg – war et, ass et a wäert et hoffentlech och bleiwen!