E Bléck an de véierte Bildungsrapport

© RTL-Grafik
Dëser Deeg gouf de véierte Bildungsbericht vum Educatiounsministère a vun der Uni Lëtzebuerg presentéiert. De Soziolog Fernand Fehlen huet fir ons doranner gebliedert.
Am Joer 2015 war deen éischte Bildungsrapport erauskomm an elo hu mer dee véierte presentéiert kritt, deen d’Aarbecht vu méi wéi 80 Fuerscherinnen a Fuerscher zesummefaasst. Haaptconstat: Ons Schoulpopulatioun gëtt ëmmer méi divers an d’Schoul probéiert sech duerch ëmmer nei Offeren unzepassen. Am Schouljoer 2022/23 ginn nëmme méi 82% vun de Schülerinnen a Schüler an den traditionelle Lëtzebuerger Schoulsystem, 6 % sinn an diversen alternative Filièrë vum ëffentleche Bildungssystem, déi sech un internationale Virbiller inspiréieren, wéi zum Beispill déi mëttlerweil sechs sougenannt ëffentlech Europaschoulen. Iwwer 11 Prozent ginn an zéng Schoule baussent dem nationale Bildungssystem; un éischter Plaz, déi zwou “richteg” Europaschoulen.
E puer bekannt Ergebnisser ginn op en Neits bestätegt: D’Sëtzebleiwen oder den Allongement de Cycle, wéi dat haut an der Fachsprooch heescht, dréit net zur Verbesserung vun de Kompetenze bäi. Déi traditionell Suppositioun, datt Lëtzebuergesch als sougenannt Bréckesprooch fir d’Alphabetiséierung op Däitsch fonctionéiert, stëmmt net. Et gëtt nees gewisen, datt d’Sprooch, déi doheem geschwat gëtt, eng grouss Roll fir d’schoulesch Reussite spillt, datt se awer och dee Bam ass, deen de Bësch vun de sozio-ekonomeschen Ongläichheete verstoppt.
Eng Nouveautéit am véierte Rapport: Dräi Beiträg vergläichen déi ëffentlech Europaschoule mat dem traditionelle System a weisen ënnert anerem, datt hir Populatioun tendenziell aus besser gestallte Famillje kënnt. Schülerleeschtunge gi mat Hëllef vu Mathematikstester verglach. Am Fondamental schneiden déi nei Schoulen besser of. Wann een no Geschlecht, sozioekonomesche Status, Migratiounsbackgroud a Familjesprooch differenzéiert, sinn an deene jeeweilegen Ënnergruppen ëmmer déi ëffentlech Europaschoule vir.
Beim Secondaire schneiden déi ëffentlech Europaschoulen am Schnëtt och besser of. Allerdéngs sinn d’Schüler vum Enseignement secondaire classique besser. Dëst ass logesch, well d’ëffentlech Europaschoul eng Aart Gesamtschoul duerstellt, wou et keen Ënnerscheed tëschent Secondaire classique a Secondaire général gëtt. No den Auteuren ass ee vun den entscheedenden Erklärungsfaktoren déi besser sproochlech Passung tëschent der Familljesprooch an der Unterrechtssprooch. Kee Wonner, datt d’Nofro grouss ass a schonn dräi weider Europaschoule geplangt sinn.