Mir brauche méi Verdeelungsgerechtegkeet vu Räichtum

Wann eng Persoun eleng 430 Milliarden Dollar Privatverméige besëtzt a kaum Steieren bezilt, dann hu mer een enorme Problem vu Verdeelungsgerechtegkeet, jo esouguer en Demokratiedefizit, deen ëmmer méi Mënschen an d'Gräpp vu geféierleche Populisten dreift, mengt de François Bausch.
Mir liewen an turbulenten Zäiten. Vill Mënsche sinn net méi zefridden, fille sech ongerecht behandelt, hunn hire Glawen an d'Institutioune verluer a loosse sech vu Populiste verféieren. Grond dofir ass Vertrauensverloscht, ass dat berechtegt Empfannen, dass de Räichtum an eiser Gesellschaft ëmmer méi ongerecht verdeelt gëtt, dass et an Tëschenzäit Eenzeler gëtt, déi esou räich sinn, dass se sech alles kënne leeschten, dass se doduerch esouguer kënnen iwwer dem Recht an dem Gesetz stoen.
Internationale Statistiken no besëtzen 1,1 Prozent vun der Weltbevëlkerung ronn 45,8 % vum weltwäite Verméigen.
Spëtzereider ass den Elon Musk mat sage und schreibe 430,9 Milliarde Verméigen, dee Mann also, deen elo gläich an der neier amerikanescher Regierung eng Roll wäert spillen. Et gëtt op eiser Welt eng Minoritéit vu Superräicher, déi esou kolossal Privatverméigen opgebaut hunn, an doduerch sech net nëmmen alles leeschte kënnen, mä iwwer hire Räichtum e reelle Problem fir eise Rechtsstaat an eis Demokratie bedeiten.
Mä nieft dem demokratesche Problem, stellt sech nach vill méi ee gravéierende Problem an Zesummenhang mat de Super-Milliardären. Wann 8 Mënschen op der Welt esouvill besëtzen, wéi déi hallef aarm Weltbevëlkerung, dann ass eng Lück an der Räichtumsverdeelung entstanen, déi esou net akzeptabel ass.
Duerch eng ëmmer méi aggressiv Steiervermeidungsstrategie ginn d'Länner an een ëmmer méi ruinéise Steiervermeidungskampf gedriwwen. Mam Resultat, dass ëffentlech Déngschtleeschtungen ofgebaut ginn, de Staat soll op seng "Law and Order"-Funktioun reduzéiert ginn.
Sozial Rechter, e Recht op bezuelbare Wunnraum, een uerdentlechen ëffentleche Kranken- a Gesondheetssystem, alles gëtt a Fro gestallt mam Argument, d’Leit misste méi Eegeverantwortung iwwerhuelen. De Saz, deen zum Beispill an der däitscher Verfassung an der Nokrichszäit aus gudde Grënn ageschriwwe ginn ass, nämlech dass Eegentum, also Räichtum, och verflicht, schéngt net méi ze gëllen. Dobäi bräichte mer méi wéi jee eng Politik, wou de Mënsch nees virun de Profit gestallt gëtt, wou op staark sozial Leeschtungen, op eng qualitativ héichwäerteg ëffentlech Gesondheet, op eng gutt a fir jiddwereen zougänglech ëffentlech Infrastruktur gesat gëtt.
Op e staarke Staat deemno, dee senger Roll gerecht ka ginn an domat duerfir suergt, dass de gesellschaftleche Räichtum nees e bësse méi gerecht verdeelt gëtt.
D'Politik muss d'Gerechtegkeetsfro nees ganz uewen op d'Dagesuerdnung setzen. An dozou gehéiert ganz sécher d'Besteierung vun de Superräichen. Et war ee positiivt Signal, dass de lëschte G20-Sommet a senger Schlussdeklaratioun d’Fuerderung vun der Minimalbesteierung vu Superräichen opgeholl huet.
Manner gutt war hei duerno d'Haltung vun der Lëtzebuerger Regierung. Aus kuerzsiichteger Iwwerleeung eraus Lëtzebuerg misst säin eegene Beefsteak hei verdeedegen an duerfir wär een dogéint. Ech hu mech gefrot op verschidde Ministerne wierklech net iwwer hir Nuesespëtzt géingen erausgesinn, well soss misste se dach wëssen, dass et fir eis als klengt Lëtzebuerg just e Beefsteak gëtt, fir ze broden, wann d'Welt méi gerecht gëtt, an domat politesch a sozial méi stabil.
Just als kleng Erënnerung: Wa bei eisen 2 groussen Noperen Däitschland a Frankräich d'Welt aus de Fuge geréit, da brode mir hei am Land kee Beefsteak méi, mä mir baken nach just ganz kleng Bréidercher.
2 katastrophal Weltkricher am 20. Joerhonnert missten eis dat eigentlech an Errënnerung rufen.