De schéinste Kaddo: Wéi een d'Feierdeeg an d'Zäit dono richteg genéisse kann

© RTL
An dëser Carte Blanche kuckt d'Pascale Engel op de Stress vun de Feierdeeg zeréck a reflektéiert doriwwer, wéi Uechtsamkeet eis hëllefe kann, eis op dat Wesentlecht ze konzentréieren: d'Presenz am elo an hei - an dat net nëmme wärend de Feierdeeg.
Knapps ass de leschte Maufel vun der Chrëscht-Dinde ofgeschléckt an de leschte Späizmännchen ofgebrannt, ootmen der vill déif duerch an denke bei sech: "Uff, mir hu se nees gepackt - d'Feierdeeg". Fir verschiddener war et eng Zäit voller Magie. Besonnesch fir d'Kanner, fir déi d'Kaddoen, déi onzieleg Liichtercher an dat sëllegt blénkegt Gemësch dacks eppes Wonnerhaftes hunn. Mee fir Anerer bedeit dës Zäit vum Joer dacks virun allem eppes - Stress! A grad wann ee mengt et hätt een et iwwerstanen, da stinn déi nächst Feierdeeg scho virun der Dier. Mee firwat erliewe mir d'Feierdeeg sou ënnerschiddlech? A wat kënne mir maachen, fir den Drock ze reduzéieren, ouni d'Freed dobäi ze verléieren?
D’Medien an d’Gesellschaft schafen dacks e Bild vun de perfekte Feierdeeg, déi awer nëmme wéineger wierklech och sou erliewen. Feierdeeg bréngen dacks Stress mat sech, mat all den Ufuerderunge ronderëm Dekoratioun, Kaddoe kafen, an der Abberzuel vu sozialen Engagementer. Zesummekomme mat Famill, Frënn oder Aarbechtskolleegen ass och nëmme seele stressfräi. Wien net déi “perfekt Familljen-Idyll” erlieft, wéi se an de Medien duergestallt gëtt, fillt sech séier inadequat. Mä d’Wourecht ass: De „perfekte Feierdag“ ass meeschtens eng Illusioun. Hannert de schéinen Instagram-Biller verstoppen sech dacks gesondheetlech Problemer, finanziell Suergen, tëschemënschlech Spannungen oder Iwwerfuerderung.
Fir déi emotional Héichten an Déifte vun de Feierdeeg an dem Liewen allgemeng ze meeschteren, ass Uechtsamkeet – Mindfulness – wichteg. Gefiller unerkennen an akzeptéieren, amplaz se ze ënnerdrécken oder ze verdrängen. Wie seng eegen Emotioune bewosst wouer hëlt, ka besser mat Stress ëmgoen. Amplaz sech ze iwwerfuerderen, andeems een all Rendez-vous unhëlt, soll een sech op déi Momenter konzentréieren, déi engem wierklech Freed bréngen. Amplaz sech op materiell Saachen ze fixéieren, geet et villméi dorëm Momenter bewosst ze erliewen. Wien dat schätzt, wat en huet, schaaft Raum fir Zefriddenheet a Freed.
Andeem mir de Fokus vum Materiellen op dat Wesentlecht lenken, kënne mir d'Freed un der gemeinsam verbruechter Zäit wierklech genéissen: Laachen, Gespréicher an d’Gefill vu Verbonnenheet. Andeems mir “Presenz am elo an hei” wielen, schenke mir eis selwer an eise Léifsten dat Wäertvollst - Zäit a wierklech Opmierksamkeet. Besonnesch a Feierdeegszäiten, mee och dono, solle mir de Moment feieren. Dat ass dee schéinste Kaddo, dee mir maache kënnen.