2025 weist eise Kalenner zanter e puer Deeg un an eng Neijoerschreceptioun an Invitatioun fir tëscht Famill, Frënn a Kolleegen unzestoussen, kënnt op déi aner. Sou vergeet de Mount Januar mat Gléckwënsch, Rieden a Gespréicher iwwer dat wat eriwwer ass an dat wat kënnt. Dozou eng Carte Blanche vum Christiane Bram, Ekonomistin a Kommunikatiounsexpertin.

Carte Blanche vum Christiane Bram

Den éischte Mount am Joer genéisse mer et, eis net nëmme mat engem Moien ze begréissen, mee och "Vill Gléck am neie Joer" ze wënschen. Méi wéi just eng Floskel, déi all Joer erëm kennt, kritt dat "glécklecht neit Joer" am Moment dach eng ganz Rei aktuell Facetten opgesat.

Wat bedeit dat eigentlech, wa mer eis begéinen a géigesäiteg e glécklecht neit Joer wënschen? Meeschtens wënsche mer iwwer dee Wee eisem Géigeniwwer fir d’éischt eemol eng gutt Gesondheet, fir sech a fir seng Léifsten. An da kënnt de Gedanke vun engem gewësse Wuelstand hannendrun, fir datt et der Famill an de Mënschen, mat deenen ee sech ëmgëtt, gutt geet fir entspaant vun engem Dag an den Nächsten ze kommen.

Mee doriwwer eraus kritt dëse Gléckwonsch am aktuellen Ëmfeld dach eng ganz aner Déift, duerch eng ganz Rei Begebenheeten, déi eisen Alldag encadréieren: den Aggressiounskrich an der Ukrain, dee lo scho knapp 3 Joer unhält; déi zeg europäesch Länner, an deenen de Rietsextremismus sech etabléiert an domat och d’Zukunft vun der europäescher Unioun, déi op wackelege Féiss steet; d'USA, wou den Donald Trump nees zeréckgewielt ginn ass an d'Konsequenzen op den europäesche Wirtschafts- a Sécherheetsraum ongewëss sinn; d’Frequenz vun den Ëmweltkatastrophen, déi klëmmt; d‘kënschtlech Intelligenz, déi - bewosst oder onbewosst  - ëmmer méi agesat gëtt an esou d'mënschlech Iwwerleeunge steiert an deels ersetzt; an déi sanitär an alimentaire Krisen, déi méi heefeg ginn an aner Ausmoosse kréien.

All dës Aspekter wierke sech op déi physesch a psychesch Gesondheet vun eiser Gesellschaft a soumat och vu jidderengem Eenzelen aus. Dës global Erausfuerderungen a wuel och Menacen hunn eng Influenz op dat perséinlecht Gléck oder Wuelbefannen an droen derzou bäi, ob mer e méi oder manner glécklecht neit Joer wäerte kréien. Natierlech huet all Eenzele vun eis keen direkten Afloss op déi geopolitesch Phenomener a global Krisen, mee trotzdeem si mer all e klengen Deel vun de globalen Entwécklungen.

Wa mir eis e glécklecht neit Joer wënschen, versti mer dorënner nieft dem perséinleche Gléck och eng Welt voller Fridden, Solidaritéit, a Gerechtegkeet, wou Stabilitéit an Neesopbau gëllen a Wäerter vu Fräiheet a mënschlecher Dignitéit eis erméiglechen, Hoffnung a Vertrauen an d’Zukunft ze hunn.

Hoffentlech brénge mir all et an eisem eenzele Mikrokosmos fäerdeg, déi Decisiounen ze huelen an ze liewen, fir an der Gesellschaft, zesummen d'Weiche richteg ze stellen, fir datt mer global nees op eng Welt histeieren, an där de Respekt an dat allgemengt Wuel dominéieren. An deem Sënn wënschen ech Iech all e glécklecht neit Joer!