Zënter Jore weisen déi sozial Indicateuren zu Lëtzebuerg an déi falsch Richtung. Wärenddeem mer wirtschaftlech gesi global gutt do stinn, si mer, wat de soziale Volet betrëfft, héchstens nach Mëttelmooss an Europa, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.

Carte Blanche vum Sylvain Hoffmann

Op europäeschem Niveau ginn et eng ganz Rei Beräicher, an deenen d’Länner aus der Europäescher Unioun matenee verglach an iwwerwaacht ginn.

Wat dee wirtschaftleche Volet betrëfft, steet Lëtzebuerg am Verglach global gutt do: mir haten 2024 zwar wéi vill anerer eng schwaach Croissance, mee d’Inflatioun ass ënnert dem europäeschen Duerchschnëtt.

Mir hunn och 2024 an absolutten Zuelen déi zweethéchste Produktivitéit an Europa, hanner Irland. Duebel sou vill wéi den europäeschen Duerchschnëtt.

Den Excédent brut d’exploitation pro Salarié, also en fait dat, wat all Salarié sengem Patron u Brutto-Benefice bréngt, ass zu Lëtzebuerg och den zweethéchsten an der EU. An domat och bal dat duebelt wéi d’Moyenne.

Wat den ëffentlechen Defizit betrëfft, läit Lëtzebuerg 2024 och extrem gutt: just 0,6% vum PIB sinn am Moment virgesinn; viraussiichtlech wäert herno en Excedent derbäi rauskommen.

Den europäeschen Duerchschnëtt ass hei iwwer 3%. Lëtzebuerg huet och déi drëttniddregst Staatsschold par rapport zu sengem PIB.

D’Viraussetzunge fir eng gutt sozial Entwécklung sinn also u sech do. Mee leider gesäit et mat där net gutt aus.

Déi Europäesch Kommissioun huet Lëtzebuerg, wat dat ubelaangt lo déi giel Kaart gewisen, an dat zu Recht.

Si bezitt sech hei op en sozialen Tableau de bord mat 17 Indicateuren. Dovunner sinn der fir Lëtzebuerg 7 "à surveiller", wat déi zweetschlechtst Kategorie ass, an 1 ass scho carrement kritesch.

Dat ass ouni Iwwerraschung dee vun de Logementskäschten.

Insgesamt also 8 Indicateuren "à surveiller" oder kritesch, domadder ass Lëtzebuerg dat drëttschlechtste Land am sozialen Tableau de bord hannert Rumänien a Griichenland.

Wat de Chômage betrëfft, ass d’Situatioun beonrouegend: mir leien zwar nach ënnert dem Duerchschnëtt vun der Eurozon, mee praktesch op der Moyenne vun der Gesamt-EU.

Nach vill méi kritesch ass d’Situatioun beim Aarmutsrisiko, virun allem och deem vun de Kanner, wou mer ganz schlecht do stinn am europäesche Verglach.

Sozial gesinn, also alles an allem en äusserst negatiivt Bild, wat do vu Lëtzebuerg gezeechent gëtt.

An an deem Kontext ass de Wee, deen déi Lëtzebuerger Regierung ageschloen huet, extrem beonrouegend.

De Sozialdialog gëtt a Fro gestallt, notamment den aktuelle Modell vun de Kollektivverträg, wat zu Verschlechterunge fir d’Salariée géif féiere, well d’Gewerkschafte solle geschwächt ginn.

D‘Aarbechtskonditiounen, déi sech duerch méi Flexibiliséierung wäerte verschlechteren, lo mol an enger éischter Phas duerch eng extrem Ausdeenung vun der Sonndesaarbecht.

Eng schlecht Ëmsetzung vun der europäescher Mindestloundirektiv, déi zu kenger Verbesserung fir d’Salariée féiert a mat sech bréngt, dass den Taux vun de Working poor zu Lëtzebuerg weider wäert um héchsten europäeschen Niveau bleiwen.

An e Pensiounsregimm, deen éischter riskéiert verschlechtert wéi verbessert ze ginn, wann een déi Aussoen, déi bis lo gemaach goufen, kuckt.

Wann dat alles an déi Richtung weidergeet wéi annoncéiert, kritt Lëtzebuerg déi nächste Kéier net just déi giel, mee éischter déi rout Kaart vun der Europäescher Kommissioun.