Ass kënschtlech Intelligenz eng Chance oder eng Gefor?

Mir mussen zesummestoen, fir muer net nëmme propper Loft anootmen ze kënnen, mee och fir d'Loft vun der Fräiheet weider ze genéissen, mengt d'Anne Brasseur an hirer Carte Blanche.
„Doch ich rief, die Geister werde ich nun nicht los“. Dat seet de Léierbouf am Goethe sengem Zauberlehrling, well en d’Waasser net méi Meeschter gëtt. Déi Geschicht kennen déi meeschte vun ons aus dem Disney sengem Film, an deem d’Mickey Maus e Biesem verzaubert, deen d’Waasser erbäibréngt. Mee hie kennt d’Zauberwuert net, fir de Biesem ze stoppen. Dat bedeit, dass een net eppes soll erbäiruffen, wat een duerno net maîtriséiert.
Am Prolog vu sengem Buch Nexux referéiert sech de Schrëftsteller Noah Harari ënnert aneren op dem Goethe säin Zauberlehrling fir op d’Gefore vun der net-mënschlecher Intelligenz opmierksam ze maachen.
Zanter jeehier gouf et Skepsis géintiwwer Erfindungen, well de Mënsch Bedenken huet vis-à-vis vun deem, wat en net kennt. Elo gesi mer awer schonn zu wellecher Desinformatioun déi sozial Netzwierker bäidroen an eng Gefor fir d’Demokratie kënne sinn. Ech froe mech, firwat déi Reseaue sozial genannt ginn, hiren Notzen ass schliisslech alles anescht ewéi sozial. De Patron vu Meta huet annoncéiert, dass och bei Facebook an Instagram kee Faktencheck méi gemaach gëtt an huet sech esou dem Trump ugebiddert. KI wäert et erlaben, Desinformatiounen nach vill méi séier ze verbreeden.
D’EU huet erkannt, dass een d’Entwécklung vun der kënschtlecher Intelligenz muss encadréieren an dat ass duerch den Digital Services Act and den Digital Markets Act geschitt. An den USA hat de President Biden 2023 dekretéiert, datt d’Gefore vun der KI Entwécklung missten iwwerpréift ginn. Well fir Risiken z’evitéieren, misst een déi Technologie beherrschen. Esouguer den Elon Musk huet kierzlech op déi Geforen opmierksam gemaach.
Den neien US-President Trump huet den Dekreet direkt mat engem Fiederstréch annuléiert. Elo solle 500 Milliarden US-Dollar an déi kënschtlech Intelligenz investéiert ginn mat de Firmen Open AI, Oracle a Softbank. Domat sinn all Barrièrë fir d’Tech- Giganten aus dem Wee geraumt. D’Bosse vun X, Google a Meta, déi jo bei der der Vereedegung direkt nieft der Famill vum Trump stoungen, kënnen hir Muecht elo ouni Kontroll ausbauen.
Jo, et ass e Fortschrëtt, wa mer kënnen en Outil a villen Domainen notzen, dee komplizéiert Virgäng an Aarbechten iwwerhëllt, wéi ënnert anerem an der Medezin. D’Virdeeler sinn net ze leegnen.
Allerdéngs huet KI, am Géigesaz zum Mënsch, keng Gefiller, kee Gewëssen a keng Skrupel an dréit och keng Verantwortung. Genee dat mécht si zu enger Gefor an der Hand vu récksiichtslose Mënschen, déi net kontrolléiert ginn.