A senger Carte Blanche schwätzt den Ex-Deputéierte Jean Huss vu Kricher, Trump a Corona.

Carte Blanche vum Jean Huss

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

International gekuckt hat dëse Mount Januar et wierklech a sech: engersäits d’Poursuite vun de bekannte schlëmme Kricher, anerersäits geet leider och eng aner Zort vun Krich weider, nämlech de Krich vu verschiddenen Industriesecteure géint Natur, Ëmwelt an Deieren: d'Aarten- an d‘Insektestierwen, Ozeaner a Gewässer voller Plastikdréck a Chemikalien, déi noweisbar sech och an eise Kierperzellen usammelen an eis krank maachen.

Vun Davos, dem alljärleche Januar-Meeting vun de Milliardären, den Oligarchen, den Cheffe vu grousse Konzerner an hire politesche Supporteren, de sougenannten „Young global leaders for the future“, war dës Kéier eigentlech net vill ze héieren, ausser dem arroganten Optrëtt vum neien US-Präsident Donald Trump a Saache Weltpolitik. Stéchwierder: Grönland, Panama-Kanal, Gaza an esou virun.

Erëm doheem an den USA huet en do per Dekreeter och schonn eng Partie aner nei Akzenter gesat: engersäits bedauerlecher an negativer wéi a Saachen avortement, eng nei onmënschlech Migratiounspolitik oder och den Ofbau a staatlechen Institutiounen. Anerersäits awer och e puer vläicht diskutabel, mä insgesamt méi positiv Akzenter, zum Beispill, wat sengem Virgänger Joe Biden seng autoritär, libertizid Coronazwangsmesürë ubetrefft, zum Beispill och d’Ophiewe vu politeschen Zensurmoossnamen an de Medien oder och d’Ernennung vun neiem Direktiounspersonal an de Korrupten amerikanesche Gesondheetsautoritéiten.

A viru Kuerzem elo och den Austrëtt vun den USA, aus där net eréischt zenter Corona total ëmstriddener Weltgesondheetsorganisatioun WHO.

Opgepasst, ech sinn net géint de Prinzip vun internationaler Gesondheetszesummenarbecht, mee déi haiteg WHO steet noweisbar, zanter méi wéi 20 Joer ënnert engem ondemokratesch inakzeptabelen Afloss vu Milliardärsstëftungen a Lobbyste vu grousse Pharmakonzerner, an elo wëllen déi dëst Joer nach iwwert en neie Pandemievertrag, dëser WHO nach méi autoritär Pouvoiren iwwert Nationalstaate ginn. Gebraucht géing a mengen Aen ëmgekéiert eng déifgräifend Reform a komplett nei Gesondheetsinstitutiounen!

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Virun e puer Deeg huet den däitsche Bundespresident Franz Walter Steinmeier deklaréiert, et misst direkt no der Bundestagswal zu engem demokrateschen Opschaffe vun der vergaangener Coronakris kommen. Och an anere Länner gëtt vun ëmmer méi Wëssenschaftler, Medezinner a Politiker dono gefrot, mee wéi ass et domat hei bei eis?