Mat oder ouni Profit?

Ëmmer méi Leit kënne sech d’Loyeren zu Lëtzebuerg net méi leeschten. De soziale Wunnengsbau weider auszebauen, kéint hei eng Léisung sinn. Dozou eng Carte blanche vum Gilles Hempel.
Lëtzebuerg huet am Verglach mat aneren europäesche Länner ganz wéineg Sozialwunnengen. Den Undeel läit bei manner wéi 2%.
Dat ass an duebeler Hisiicht problematesch.
Engersäits gëtt et net genuch abordabel Wunnenge fir déi, wou se brauchen. An anerersäits kann esou ee klengen Undeel och keen Afloss op d’Präisser an d’Qualitéit vun de Wunnengen um private Marché huelen. An der Fachliteratur, schwätzt een an deem Fall vun engem dualen, engem gedeeltene Wunnengsmaart. De Profit an den Non-Profit-Sektor schaffen hei an ënnerschiddleche Segmenter an huele kaum Afloss openeen.
A Länner oder Regioune mat engem héijen Undeel u Sozialwunnenge schwätzt ee vun engem eenheetlechen integréierte Wunnengsmaart. De Profit- an den Non-Profit-Sektor operéieren zesummen an engem Marché. Deen héijen Undeel u Sozialwunnenge kënnt hei net nëmmen deenen zegutt, déi tatsächlech an esou enger Wunnenge wunnen, mee huet och een Afloss op d’Präisser an d’Qualitéit vun de Wunnengen um private Marché.
Non-Profit-Acteure brauche kee Gewënn ze maachen. Si bidden hir Wunnengen zu nidderege Präisser un. Domat sende si ee Präissignal a Richtung vun de gewënnorientéierten Acteuren. Déi mussen dann hir Gewënnmargen upassen, fir konkurrenzfäeg ze bleiwen.
An der Fachliteratur herrscht mëttlerweil ee Konsens doriwwer, dass ee staarken Non-Profit-Secteur an der Lag ass, e gewënnorientéierte Marché ze beaflossen. Empiresch Studie beleeën dat. Esou eng fannt Dir z.B. beim éisträicheschen Institut fir Wirtschaftsfuerschung.
Link:Die preisdämpfende Wirkung des gemeinnützigen Wohnbaus
Mat engem Undeel vu manner wéi 2% ass den Impakt awer gläich null. Dofir brauche mir zu Lëtzebuerg eng Offensiv am soziale Wunnengsbau.
Mir brauche staark Non-Profit-Acteuren, déi Wunnengen a grousser Zuel op de Marché bréngen. Sou wéi dat an anere Länner de Fall ass. Dat geet net vum selwen. Do muss de Staat eng Hand mat upaken. Mir hunn ee grousse Retard opzehuelen. Et gëtt Zäit, dass mer lassleeën.