Ass déi Kënschtlech Intelligenz eng gutt oder eng schlecht Errongenschaft?

© RTL-Grafik
A leschter Zäit gëtt vill kontrovers iwwer Kënschtlech Intelligenz diskutéiert, an dach ass et schwiereg ze verstoen, wat déi Errongenschaft der Mënschheet bréngt. An dëser Carte Blanche gëtt d’Fro gestallt, ob d’Potentialitéite vun der Kënschtlecher Intelligenz dach net misste gebraucht ginn, fir haaptsächlech déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit unzegoen. Et soll op d'mannst net den Androck entstoen, datt se fir reng privat Interessen iergendwéi mëssbraucht géif ginn.
Déi Kënstlech Intelligenz ass ee Sujet, deen eis all staark a leschter Zäit beschäftegt. Et liest an héiert ee vill doriwwer an awer ass et schwéier, fir den einfache Bierger genee ze verstoen, wéi déi funktionéiert a besonnesch ze gesinn, wouhin déi nei Technologie d‘Welt brénge wäert.
Tatsaach ass, datt déi Persounen oder déi Betriber, déi ganz geschéckt mat der Kënstlecher Intelligenz schaffen, et fäerdeg bréngen, a relativ kuerzer Zäit ganz vill ze erreechen, dat heescht datt se hir Produktivitéit staark verbessere kënnen. Dat gëtt hinnen ee groussen Avantage op hir Konkurrenten.
Do ass am Fong näischt dogéint ze soen et soll ee jidderengem seng Chance ginn, sech fräi ze entfalen. Dat ass am Fong de Grondprinzip vun enger liberaler Gesellschaft. Do gëtt awer och vergiess, datt esou eng liberal Gesellschaft nëmmen eenegermoossen harmonesch ka funktionéieren, wann e Maximum vu Mënsche sech responsabel behuelen an och op fräiwëlleger Basis respektvoll zesummeschaffen.
Op deem leschte Punkt schéngt et awer ze happeren, well mir gesinn, datt d’Géigesätz an eiser Gesellschaft, déi staark vu Liberalismus gepräägt ass, ëmmer méi grouss ginn. Eng Minoritéit vu Leit gi vill méi räich a mächteg an eng grouss Zuel vu Leit entfale sech kaum oder falen esouguer zréck. An enger Gesellschaft mat groussen Ongläichheete gëtt et ëmmer méi schwéier, fir ee Minimum vun Harmonie oprecht ze halen.
Dobäi muss eis Gesellschaft sech och national an international gewaltegen Erausfuerderunge stellen, wéi zum Beispill d‘Klimakris, d‘Entwécklung an den Entwécklungslänner, déi grouss wirtschaftlech Ongläichheeten, fir nëmmen déi ze nennen. Grad mat der Kënstlecher Intelligenz hu mir haut een Instrument, dat eis an esou äusserst komplexe Problematike kann hëllefen, fir Léisungen ze fannen.
Déi Kënstlech Intelligenz ass weder gutt nach schlecht. Et ass dat wat Mënschen draus maachen, wat da gutt oder schlecht gëtt. Wéi an esou ville Saachen heescht et responsabel schaffen a sech de Konsequenze vu sengem Schaffe bewosst sinn.
Gefuerdert ass awer och, datt esou wuel déi national an international Autoritéiten, wéi och déi betraffe multi-national Konzerner, och wierklech alles drusetzen, datt déi enorm Potentialitéite vun der Kënstlecher Intelligenz prioritär genotzt ginn, fir déi grouss Erausfuerderunge vun der haiteger Zäit unzegoen. Déi Kënstlech Intelligenz soll net erschéngen, wéi wa se et eleng enger Handvoll schlauen Entrepreneure géif erméiglechen, fir onvirstellbar räich ze ginn, an deem se leider munchmol vill Mënschen op eng onfair Aart a Weis ausnotzen.
Michel Maquil
Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse
Fräie Wirtschaftsberoder