D'Schrëftstellerin Elise Schmit huet hiren Account bei Instagram desaktivéiert. Si fënnt, de Staat sollt hir dat nomaachen.

Carte Blanche vum Elise Schmit

An enger parlamentarescher Fro wëllt en Deputéierte wëssen, ob de Pensiounsfong weiderhin an Aktie vun Tesla investéiert, trotz méigleche wirtschaftleche Risiken.[1] En aneren Deputéierte freet, ob de Premier den Administratioune virschreift, ob se op Social Media sinn an ob se do genderen.[2] Déi Froe si lo net direkt onintressant, hunn awer gemeinsam, dass se e vill méi dréngende Problem ausblenden.[3]

Dee Problem heescht Elon Musk, Chef vun Tesla a vun der Plattform X, bekannt fir seng autoritär a rietsextreem Virstellunge vu Politik. Den Ament ass dee Personnage amgaangen, d’Ausgabe vum amerikanesche Staat ze reduzéieren, bis elo virun allem op Käschte vu wirtschaftlech schwaache Leit a marginaliséierte gesellschaftleche Gruppen. En amerikanesche Problem, kéint ee soen, mee sou einfach ass et net. Well de Musk ënnerstëtzt mat groussem Asaz rietsextreem Parteien, och an Europa. Iwwert X erreecht hie Millioune Leit, wann en zum Beispill Reklamm fir déi däitsch AfD mécht.
 
Dass esou Typpe sech politeschen Afloss verschafen, ass natierlech net nei. Ma dësen Afloss huet eng nei Qualitéit. Musk, Zuckerberg [4] a Co. versichen net méi just, d’Politik fir hir wirtschaftlech Interêten anzespanen; si sprangen neierdéngs selwer virun de Won. Hir Plattforme maachen si zu Instrumenter vun der politescher Manipulatioun. Op Instagram geet op eemol den Hashtag #democrat net méi [5] an all Beméiungen, Ligen an Haass Grenzen ze setzen, fléien zur Fënster eraus.[6]
 
Et war ni immens, mat sengem Contenu a sengen Daten déi Plattforme méi staark an hir Besëtzer méi räich ze maachen. Just: Elo ënnerstëtze mer net méi just e Business, mee indirekt och eng autoritär Politik mat klore rietsextreemen a mënschefeindlechen Tendenzen. Ech hu mäin Account dofir desaktivéiert. Dat bréngt selbstverständlech honnert Nodeeler mat sech, an ech ka gutt verstoen, wa Privatleit zécken, fir et d’selwecht ze maachen. Beim Staat verstinn ech et net. Déi Zäit an dee Contenu, déi staatlech Administratiounen a Social Media stiechen, si schliisslech mat Steiersue bezuelt.
 
Déi richteg Froen hätte misse sinn: Ass et moralesch vertrietbar, dass de Pensiounsfong an d’Aktie vun enger Firma investéiert, där hire Besëtzer sech fir rietsextreem Politik asetzt? An ass et moralesch vertrietbar, datt staatlech Administratiounen op X an op de Meta-Plattformen aktiv sinn?
 
Bonusfro: Firwat investéiert d’EU net an eng eegen, onofhängeg Plattform,[7] déi den Dateschutz respektéiert, zouverlässeg Informatioun bitt a fräi ass vu Spam an anonymme Bots, quasi en ëffentlech-rechtlecht Soziaalt Netzwierk? Dofir wiere meng Steiere mer net ze schued.


[1] Parlamentaresch Fro N. 1785, gestallt vum Mars Di Bartolomeo de 15.01.2025. https://www.chd.lu/fr/question/28178
[2] Parlamentaresch Fro N. 1881, gestallt vum Tom Weidig den 03.02.2025. https://www.chd.lu/fr/question/28292
[3] Et gëtt nach aner Beispiller, cf. parlamentaresch Fro N. 1732, gestallt vum Sven Clement de 07.01.2025. De Sven Clement mécht sech dora Suergen iwwert e méigleche Bedeitungsverloscht vun der SES, wa Länner wéi Italien Deals mat SpaceX maachen.
https://www.chd.lu/fr/question/28122
[4] De Mark Zuckerberg ass de Chef vum Konzern Meta, zu deem ënnert anerem Facebook, Instagram, WhatsApp an Threads gehéieren. 
[5] Meta huet dat natierlech als technesch Pann duergestallt: https://www.bbc.com/news/articles/c4g32yxpdz0o
[6] https://www.tagesschau.de/wirtschaft/unternehmen/meta-faktencheck-moderation-100.html
[7] Op lokalem Niveau geschitt dat zum Deel schonn. D’Stad Lëtzebuerg schafft zum Beispill mat der App hoplr zesummen: https://www.hoplr.com/about

www.eliseschmit.com/kontakt