An e Puer Méint wäerten d’Amendementer zu engem Projet de loi am Parlament deposéiert ginn, bei deem et ëm en neit Jugendschutzgesetz geet. Wa Mannerjäreger a grousser Gefor sinn, Jugendlecher a Konflikt gerode mam Gesetz, ass et um Jugendriichter anzegräifen, fir Moossnamen ze huelen, déi sollen hëllefen.

Viru Kuerzem hat d’Unicef eng Konferenz organiséiert zum Thema Jugendschutz, wou et erëm kloer war, wéi e grousse Retard mer am Verglach zu anere Länner an dem Beräich hunn.

D'Carte Blanche vum Gilbert Pregno

Eist Jugendschutzgesetz staamt vu virun 33 Joer. Deemools war et kee gudde Worf. D’Prozeduren, déi eng Garantie sinn fir eis Fräiheeten, loosse vill ze wënschen iwwreg. D‘Ausriichtung ass dacks repressiv. Bei Kanner, bei deenen d'Eltere Schwieregkeeten haten, sollte si iergendwéi matgestrooft ginn, an dat an enger Zäit, wéi am Ausland zanter den 80er Jore kloer war, dass een alles sollt maachen, wat nëmme méiglech ass, fir d’Relatioun tëschent de Kanner an der Famill oprechtzëerhalen

D'Magistraten hunn dat net esou gesinn: si hunn deemools drop gehalen, dass ëmmer wa Kanner duerch e Geriichtsbeschloss an en Heem komm sinn, automatesch d‘Elteren d’Eltererechter ofgeholl kréien. Och haut, 2025, sinn Dausende vu Pappen a Mammen hei am Land, déi keng Eltererechter hunn. Eng Schan fir e Rechtsstaat. Iwwert déi Jore sinn och Jugendlecher an de Prisong oder d‘Unisec agespaart ginn, net well se eng Infraktioun begaangen haten, ma als erzéieresch Moossnam. E Verstouss géingt d'Mënscherechter, bei Erwuessener ass esou eppes net denkbar.

Honnerte vu Kanner, bei deenen e Geriicht entscheet hat, si missten an d’Heem, si mat der Police aus der Schoul, dem Foyer de Jour an de Famillje geholl ginn, ouni mat de Kanner a mat der Famill virdrun ze schwätzen. Dat muss een nëmme maachen, wann eng grouss Gefor fir d’Kanner ass. Et ass eng Moossnam, déi d’Kanner traumatiséiert an et fält an d’Kategorie vun enger institutioneller Mësshandlung. Dat héiert een net gären ma duerfir soen ech et.

Zuelen hu mer ganz wéineg, well dat net gewënscht ass a verhënnert gëtt. Erfarungswäerter ginn et awer vill. An de leschte Joerzéngten gouf et vill Kriticken aus dem Aus- an dem Inland. De Kannerrechtskommitee vu Genève, eis Kannerrechtsverdeedeger vum Okaju, d’Mënscherechtskommissioun an dann och ONGen ewéi zum Beispill d’Unicef. Déi Kriticke grënnen op konkrete Fäll, op d'Entwécklungen, déi et am Ausland gëtt, op Arrête vum Mënscherechtsgeriichtshaff vu Stroossbuerg fir Situatiounen, déi et an aner Länner gi sinn.

Elo gëtt am Fréijoer de geännerte Projet de loi am Parlament deposéiert. Déi Diskussiounen dauere schonn laang a ware komplizéiert.  Déi Neierungen, déi elo wäerte kommen hunn dacks misse mat der Briechstaang ageleet ginn. Ech sinn ëmmer erëm beandrockt gewiescht, mat wei enger Selbstsécherheet, vu kenge Selbstzweifele geplot, d'Magistratur Widderstand geleescht, a vill Entwécklunge gebremst huet. Si hunn en oft erstaunlecht Verständnis iwwert dat, wat e kannerechtsfrëndleche Rechtsstaat ass. Bei hirem Asaz geet et och em d‘Oprechterhale vun enger Muecht, déi awer vill Schued verursaacht.

Ech si frou, iwwert dat wat kënnt, well et e Fortschrëtt wäert sinn, awer ech bleiwe méi ewéi mësstrauesch.