De Versuch, den Himmel op Äerden ze installéieren, huet ëmmer nëmmen d'Häll produzéiert, sou 1946 de Karl Popper. Wéi et ausgesäit, wann een déi Häll op en Neits well ufakelen, dat hu mer d'leschte Freideg am Oval Office zu Washington live gesinn. Wéi mierkt een, datt d'Vernonft, eise gesonde Mënscheverstand ufänkt, midd ze ginn? Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

 [1] In seinem Buch Die offene Gesellschaft und ihre Feinde schreibt Karl Popper (österreichisch-britischer Philosoph, 1902 - 1994): „der Versuch, den Himmel auf Erden einzurichten, erzeugt stets die Hölle. Dieser Versuch führt zu Intoleranz, zu religiösen Kriegen und zur Rettung der Seelen durch die Inquisition.“

D'Carte Blanche vum Jean-Luc Thill

Europa , sou wéi mir et haut kennen, gëtt et och well feindlech gesënnten Parteien a bemol e gemeinsame Géigner kruten. D'Schluecht vun Poitiers oder Tours, wéi se och nach genannt gëtt, ass sou e Beispill. D’Mauren, also Sarazenen - kuerz déi islamiséiert Vëlker - stounge virun der franséischer Hausdier. Amplaz sech géigesäiteg Käpp anzeschloen - leider een trauregen Dauerthema an der europäesch Geschicht - hu sech laangjäreg Géigner zesumme gedoen, fir d'Heemecht ze retten. Dëst hat 732 en duebelen Outcome: Engersäits gouf déi islamesch Expansioun a Mëtteleuropa ofgewiert a gestoppt an anerersäits ass et de Startschoss fir Success-Story vum Karolengerräich, also dem Karl de Groussen, fir eis de Charlemagne.

Dës Solidaritéit gëtt schonns Joerzéngten vermësst, awer elo ass se strategesch erëm gefuerdert. Gutt, mir schloen eis d'Käpp net méi an, awer fir enger Meenung ze sinn, geet et nawell net duer. D‘EU, also mir, hunn et verpasst: keng gemeinsam Arméi, keen eenheetlechen Gesondheets a Pensiounssystem a vun 2 Prozent guer net ze schwätzen[1]. Dofir vill Visiounen Dreem, wat am Gedriebs a Beamtemikado ausgeaart ass.

Firwat soll ee sech och Suerge maachen - d‘US-Amerikaner wären ëmmer do - sou wei den Hagrid & Dumbledore fir den Harry.

Leadership gesäit awer anescht aus - lauter Lucky Luke virum Spigel a vill Dalton-Bridder oder soll ee vun den 28 Charloten “qui font de la politique” schwätzen? A jo,  ginn ëmmer déi eng Länner an der aner Länner - d'Englänner si gaangen an 27 aner Länner si bliwwen.

An déi 80 järeg Commemoratioun - déi Erënnerungskultur mam Moto 'never again' kritt e battere Bäigeschmaach: ass et eng Erënnerung oder eng soft psychologesch Virbereedung? Zënter dem Rememberance Day deemools zu Ettelbréck hunn ech perséinlech nach ni souvill Krichsgeschier op eise Stroosse gesinn an dat am Kontext vun enger ugespaanter an nervöser globaler geopolitescher Lag.

Well der Stëmmung musikalesch erliewen, dann erënneren ech un déi politesch motivéiert Lidder aus der 80er Joren, virop dem Sting säin Lidd 'Russians' (1985) a Marillion mat 'White Russian' (1987).

En amerikanesche Milliardär ënnerstëtzt rietsextrem Parteie bei eisen däitschen Noperen an en hollännesche Millionär erméiglecht de Lëtzebuerger Kanner - kleng wéi grouss - eng nostalgesch Faart am historeschen Amphibien-Auto bei der Commemoratioun, also den Rememberance Days zu Veianen. Et brauch een net laang nozedenken, fir ze mierken, dat sech hei ob dënnem Äis beweegt gëtt. Fir déi eng historesch déi Stad, déi als lescht vun den Nazie befreit gouf - symbolesch fir Fräiheet an d'Enn vun der Hitler-Diktatur. Fir déi aner déi Stad, déi historesch och duerch hir Däitschfrëndlechkeet à la Adelheid polariséiert huet.

Et bleift ze hoffen, dat och déi nächst Joren a Joerzéngten dës Evenementer weiderhin an d'Agenda vum Kulturminister gehéieren an net a bemol erëm eng Missioun vun der Defense sinn. Net dat mer um Enn déi 860 Kilo Kokain besser gehal hätten, fir an noer Zukunft zwar schlecht, awer ëmmerhin disponibel medezinesch Painkiller ze hunn. Ech hoffen, ech iere mech…. a kann, wann ech gelift een dem Sting Bescheed soen, fir en Update vu sengem Antikrichslidd ze maachen. 
 
[1] https://www.tagesschau.de/ausland/europa/nato-ausgaben-verteidigung-faq-100.html