"Der Schoß ist fruchtbar noch, aus dem das kroch"

A senger Carte Blanche beschreift de Paul Hammelmann an e puer Biller, zu wat déi rietsextrem Ideologie fäeg ass a wéi mir haut an Europa dozou stinn.
- Den 31. Juli 1932 kritt déi „Nationalsozialistische Deutsche Arbeiterpartei" (NSDAP) 37,4% vun de Stëmmen. Den 30. Januar 1933 gëtt den Adolf Hitler Reichskanzler.
- Den 23. Februar 2025 krit d'"Alternative für Deutschland“ (AfD) iwwer 20% vun de Stëmmen.
- De 27. Januar 1945 gëtt zu Auschwitz dat gréisste Konzentratiouns – a Vernichtungslager vun der Rouder Arméi befreit.
De 27. Januar 2025 gëtt den 80. Anniversaire vun der Befreiung a Presenz vu sämtlechen implizéierte Staats- a Regierungscheffe commemoréiert. Vun der Rouder Arméi war keen invitéiert well de russesche Regime aus Nationalismus a Populismus e Krich géint säin Nopeschland Ukrain ugefaangen huet.
- Am Januar 1947 beschreift de Primo Levi a sengem Buch „Ass dat e Mënsch“ *, wéi säi Mathäftling Kuhn zu Auschwitz-Monowitz Gott „Merci“ seet, well hien deen Dag net matkomm ass an de Gas. Versteet de Kuhn net dass dëst Gebiet eng Abominatioun, eng Monstrositéit duerstellt, virun deem wat hien den Dag drop erwaart? „Wann ech Gott wier, seet de Primo Levi , géif ech dem Kuhn säi Gebiet erausspäizen“.
- Den 22. Januar 2025 erkläert déi 98 Joer al Frieda F. an engem Interview ** , si géif op d’Fro, wat déi antätowéiert Nummeren op hirem lénken Ënneraarm bedeiten, äntweren, si hätt sech do eng Telefonsnummer notéiert. (sic !)
- 1933 schreift den Bertolt Brecht am Exil an Dänemark:
„O Deutschland ,bleiche Mutter
Wie haben deine Söhne dich zugerichtet
Dass du unter den Völkern sitzest
Ein Gespött oder eine Furcht“
Mee d’Erwäche vum Rietsextremismus beschränkt sech net op Däitschland: A Frankräich ass zënter de Wale vum Juli 2024 de „Rassemblement National“ (RN) mat 33% déi stäerkste Partei, an Italien stelle „Fratelli d’Italia“ d‘Premierministesch, an Éisträich, an Holland, an der Belsch, jo an och an de Vereenegten Staate muss een ewell soen, ass et erëm erausgekroch, well (an ech ziteieren nach emol de Bert Brecht):
„Der Schoss ist fruchtbar noch , aus dem das kroch“
* Der Spiegel N:5 ,25 Januar 2025
** „Se questo è un uomo“ („Si c’est un homme“) Primo Levi
Ed.Giulio Einaudi s.p.a. / Ed Julliard