Spéitstens nom Intermezzo vun Trump a Vance géint den ukrainesche President misst et all Mënsch kloer sinn, dass Europa muss erweechen, mengt de François Bausch.

Carte Blanche vum François Bausch

Eigentlech war de penibelen Zenario, deen den Trump an de Vance am Wäissen Haus géigeniwwer dem Selensky gebueden hunn, keng wierklech Iwwerraschung. Et war eng weider geplangten Aktioun vun der rietsextremer Beweegung Maga, déi elo zanter dem Januar an den USA regéiert, an dat demokratesch legitiméiert! Jo, an Amerika hu mir och nach vill Frënn, mä net an där dote Regierung. A Jo, et muss een hoffen, dass déi amerikanesch Zivilbevëlkerung staark genuch ass, fir sech géint déi aktuell Muechthaber ze wieren.

3 Saache sinn allefalls elo kloer:

  1. Europa muss sech elo schnell selbstänneg maachen a sech fit maachen, fir sech selwer kënnen ze verdeedegen. Mir musse kollektiv an eis Verdeedegung investéieren, fir Europa sécher ze maachen. Eng EU-Verdeedegungsunioun bedeit, dass mer mussen iwwert eise Schied sprangen an, a punkto Verdeedegung, national Souveränitéit zu Gonschte vun europäescher opginn. Eng staark, gemeinsam europäesch Verdeedegung ass déi beschte Garantie fir eis Sécherheet. Dat bedeit allerdéngs och, dass mir als Lëtzebuerg do och eise Beitrag leeschten. An dësen däerf och net op Käschte vun anere wichtege Beräicher geleescht ginn.
  2. Europa muss sech staark maache fir eng gerecht Welt, wou de Räichtum besser verdeelt gëtt, wou Demokratie gestäerkt gëtt. Am Moment ass de Wuelstand vun 90% vun der Gesellschaft bedrot, wëll eng Minoritéit den Hals net voll genuch kritt. Europa muss zu engem gerechte Modell an der Welt ginn.
  3. Mir duerfen net vergiessen, dass vill Konflikter an der Welt existéieren, well de gläichen Zougang zu de Ressourcen net garantéiert ass an dat zu enormer Veraarmung féiert.

D'Leit musse massiv hir Länner verloossen, well se zum Beispill keen Zougang méi hunn zu Wasser oder fruchtbarem Buedem. De Klimawandel wäert hei an Zukunft och nach wéi als Brandbeschleuneger funktionéieren. Duerfir muss och weider massiv an Zukunftstechnologien investéiert ginn, fir eis eraus aus der Ofhängegkeet vu Pëtrol a Gas ze bréngen. Eng Energiepolitik, déi op erneierbar Energien opbaut, mécht eis all manner vulnerabel an ass duerfir eng vun de beschte Konfliktpreventioun.

Europa muss elo erwächen an déi 3 Erausfuerderunge mat Courage an Entschlossenheet ugoen.