Rule of law versus Rule of power

Déi lescht Wochen a Méint hunn et a sech gehat an der Weltpolitik. All Dag gesi mer eng nei Episode vun Ausernanersetzungen op der Weltbün. De Marc Hostert mat enger Carte Blanche, aus senger Siicht iwwer d‘Relatioun tëschent Europa an den USA.
De Gruef tëschent den USA an Europa ass esou grouss wéi zanter Joerzéngten net méi.Gebuer an de 60er Joren ass an der DNA vu menger Generatioun ganz oft den Amerikaner de Befreier genannt ginn, an Amerika e méiglechen Dram vun engem Eldorado a vun ongebremste Fräiheete gewiescht. Amerikanesch Musek hu mer gelauschtert, och wa mer net se verstanen hunn, amerikanesch Zigarette gefëmmt, an als Zeeche vun definitiver Empathie fir den American Way of Live krute mer beim Thissen op der Gare fir de Gebuertsdag eng original Levi’s kaaft.
Russland war den Ennemy an Amerika de Friend!
Mir stounge spirituell ënnert dem "Schutz und Schirm" vum Marienland a weltlech ënnert dem vun der Nato a vun eisen amerikanesche Frënn.
Zanter deem huet d‘Welt sech vill geännert. 1989 de Fall vun der Mauer, d’Globalisatioun, d’Finanzkris 2008, den Iwwerfall vu Russland op Noperen a besonnesch op d’Ukrain, an och d‘Pandemie mat all hire Konsequenzen, fir der just e puer ze nennen.
Eisen historeschen Alliéierten, mat deem mer eng transatlantesch Wäertergemeinschaft hunn op ganz ville Pläng wéi d’Fräiheet, d’Demokratie an de Prinzippie wéi "d’Rule of law", deemno d'Rechtsstaatlechkeet, an dem Multilateralismus, kënnegt d'Relatioun op an initiéiert en ekonomesche Krich mat fréieren Alliéierte wéi Kanada a besonnesch Europa, mä och mat China an anere Länner.
De Grond heifir ass net eleng, dass mir, Lëtzebuerger, zanter der Grënnung vun der Nato eis Engagementer net ganz agehalen hunn, mä och well Amerika e Problem mat sengem Wuesstem huet.
An engem Kontext vu weltwäiter Onstabilitéit hunn d’USA massiivst Problemer mat:
der Volatilitéit vu sengem Aussenhandel;
der Deindustrialiséierung, déi kee Wuesstem nozitt;
der Siderurgie, déi zanter der Finanzkris ënner ausgelaascht;
dem Aarbechtsmaart, deen net dynamesch genuch ass, fir dass Léin klamme kënnen;
an iwwer 70% vun de potentiellen Éischtkeefer kënne sech keen Haus leschten.
Amerika huet e Punkt erreecht, wou säi Wuesstem a seng Influenz net déi ass, déi dëse President a seng Equippe méiglecherweis well hunn. Dofir zitt en haut d‘Kaart vun den Handelskricher an huet Wënsch no zousätzlechen Territoirë wéi Grönland, fir hir Matière Première a Kanada fir säi Potential un Hydroenergie.
Fir dëst ze erreechen, ginn all Prinzippien iwwer Bord geworf wéi d'"Rule of law" an de Multilateralismus. An Zukunft soll mat der "Rule of power" geschafft ginn.
Fir Europa kann et keng Optioun sinn, dës Politik ze kopéieren. Mir mussen eis schütze wirtschaftlech, politesch an an der Verdeedegung. Doriwwer eraus mussen mer eist europäescht Ideal weider ervirbrénge mat eise Wäerter, mat séieren a fundamentale Reformen, fir de Bannemaart ze verbesseren, an Europa drastesch ze vereinfachen, an e gemeinsame Kapitalmaart ze schafen.
Mir mussen eisen Ideal: Europa nees no vir bréngen!