Ëmmer manner Leit kënne sech den Dram vun enger eegener Wunneng erfëllen. An déi, déi mengen, et gepackt ze hunn, kënnen op de leschte Meteren nach eng béis Iwwerraschung erliewen. Dozou eng Carte blanche vum Gilles Hempel.

Carte Blanche vum Gilles Hempel

Vente en l’état futur d’achèvement, kuerz VEFA. Sou nennt een dat, wann eng Wunneng um Plang verkaaft gëtt. Dat heescht: Et keeft een eppes, wat et nach net gëtt. Wat eréischt soll gebaut ginn.

Dat war iwwert déi leschte Joerzéngten eng gängeg Praxis um Immobiliemarché. Ee Promoteur, dee selwer keng Suen hat oder seng eegen net wollt riskéieren, deen huet sech vun engem Architekt ee Plang zeechne gelooss an ass domat hauséiere gaangen. Wann hie genuch Wunnenge verkaaft hat, da konnt hien ufänke mat bauen. Fir Fall wou dem Promoteur ënnerwee d’Loft ausgeet, krut den Acquereur eng sougenannte Garantie d’achévement. Déi sollt sécherstellen, dass seng Wunneng och fäerdeggestallt gëtt. Iwwer Joren huet dee Modell gutt funktionéiert.

D’Promoteuren hunn hiert Geld verdéingt an d’Keefer kruten hir Wunneng. Net ëmmer ganz pünktlech an oft mat engem klenge Supplement, mä op mannst war se fäerdeg.

Un du koum d’Krise an ëmmer méi Promoteuren hunn et net méi gepackt.

Déi Leit, déi do eppes kaaft haten, wat dunn nach net fäerdeg war, déi hu misse feststellen, dass hier Garantie d’achèvement keng Vollkasko-Versécherung ass. Déi kruten da als éischt mol erkläert, wat alles net ofgedeckt ass. Bei deem héije Präis, dee si fir déi Wunneng bezuelt hunn, koumen dann nach zousätzlech Fraisen a vill Misär derbäi. Virun allem bei enger Koproprietéit. Der Geschichte waren der jo an der Lescht e puer op der Tëlee. Déi Leit sti virun der Schierbele vun hirem Dram a vun hirer Existenz. Déi Biller motivéieren net, fir an eng VEFA ze investéieren. Een, dee Suen huet, oder d’Chance huet, der geléint ze kréien, an e bësse gescheit ass, dee keeft eppes, wat fäerdeg ass.

Wann een de Neibau relancéiere wëll, da geet et net duer, mat Steierkaddoe ronderëm sech ze puchen. Da muss ee Vertraue schafen. Zum Beispill mat enger Reform vun der Reglementatioun iwwert d’Garantie d’achèvement. Fir dass déi hiren Numm och wierklech verdéingt.

Well soss ass d’VEFA dout.